Fräie Mikro Sexistesch a sexualiséiert Gewalt

_FeaturedTV / RadioKommentare deaktiviert für Fräie Mikro Sexistesch a sexualiséiert Gewalt

Sexistesch a sexualiséiert Gewalt

(5. Juni 2020) Lescht Woch gouf de Joresbericht zur haislecher Gewalt virgestallt. An dem Kontext ass e Presseartikel entstan, deen an de soziale Medie fir vill Opreegung gesuergt huet, well en als gewaltverharmlosend gelies gouf. D’Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen a Gender huet sech an dem Kontext Gedanke gemaach, wéi geschlechtsbezu Gewalt an eiser Gesellschaft wouer geholl gëtt a wourun et feelt fir eng tatsächlech Verännerung ze erreechen.

Lauschteren

Virun zwou Wochen huet mech owes op mengem Trëppeltour duerch Beetebuerg e Mann ugeschwat an ass mir dono duerch de ganze Park nogaangen. An där Woch duerno hunn ech mat verschiddene Frëndinnen iwwer dës Situatioun geschwat. All Frëndin huet spontan eng eege Geschicht gezielt, vu Situatiounen, an deene si sech am ëffentleche Raum oder an de sozialen Netzwierker bedrot an onwuel gefillt hunn.

Sexualiséiert Gewalt

Wann e Mann sech näischt dobäi denkt, wann en owes enger Fra eleng am Park nogeet a se bedrängt, ass dat grad sou verwuerzelt an der sexistescher Geschlechterhierarchie a strukturellem Sexismus, wéi wann e Mann enger Fra onopgefuerdert Fotoe vu sengem Penis schéckt oder wéi wann e Mann seng Partnerin schléit, och wann déi individuell Auswierkungen natierlech komplett verschidde sinn.

Hei ass et wichteg ze ergänzen, datt geschlechtsbezu Gewalt virun allem doheem oder am Bekanntekrees stattfënnt, a meeschtens vu Persounen ausgeet, zu deenen e Vertrauensverhältnes besteet. Doriwwer eraus si schwaarz Fraen, Women of colour, trans Fraen a Sexaarbechterinnen am meeschte vu Gewalt am ëffentleche Raum a vun institutioneller Gewalt betraff.

Mëtt Mee huet d’Sophie Passmann an der Prime Time op der däitscher Televisioun Kleedungsstécker gewisen, déi Frae bei enger Vergewaltegung unhaten, fir ze ënnersträichen, datt Fraen an Jeans an T-Shirt grad sou vergewaltegt kënne gi wéi a Minijupe a mat Decolleté. Bei enger Vergewaltegung geet et net ëm Sex, et geet ëm Muecht.

Déi dichotom Siichtweis nervt a bremst

All Fra kennt eng Fra, déi sexistesch a sexualiséiert Gewalt erlieft huet. Awer kennt och all Mann e Mann, wou sexualiséiert Handlunge géint de Wëlle vun enger anerer Persoun duerchgefouert huet? Wou sinn d’Geschichte vun de Männer, déi Fraen domm ugemaach, belästegt, geschloen oder vergewaltegt hunn, déi dëst Verhalen geännert hunn, erklären wisou a wéi se dat hikritt hunn a sech elo géint strukturelle Sexismus an ongläich Muechtverhältnisser an eiser Gesellschaft asetzen? Frae si net all Opfer, Männer si net all Täter, Frae si net déi besser Mënschen an iwwerhaapt nervt a bremst déi dichotom Siichtweis, dass mir als Gesellschaft viru kommen.

Natierlech ka mat Eenzelmoossnamen op geschlechtsbezu Gewalt reagéiert ginn, zum Beispill mat där den Ament vill beschwater Foussfessel oder zäitnoe Geriichtsverhandlungen, op déi e net véier Joer waarde muss. Awer dat geet net duer. Et muss sech och strukturell eppes veränneren – iwwer Bildung, Ëffentlechkeetsaarbecht, e mënschleche Justizsystem a politesch Mesurë fir sozial Gerechtegkeet awer och eng verantwortungsbewosst Presseaarbecht, déi keng sexistesch Witzer zouléisst.

 

Diesen Artikel teilen

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag