Youth Voices of Equality

Samstag, 27. April 2019 15:00 - 18:00

equal Europe!

D’Jugend vun Europa ass a Beweegung! Komm laanscht de 27. Abrëll an de Forum Geesseknäppchen fir mat ze schwätzen iwwert d’Zukunft vun Europa.

2019 feiere mir 100 Joer universellt Wahlrecht zu Lëtzebuerg an et ass och ee Wahljoer fir d’Europa Wahlen. Dofir organiséiere mir zesummen mat der Asti, mam Zentrum fir Politesch Bildung, mam Golden Z Young Zonta a mat der Plattform JIF een Nomettech mat Workshops iwwert déi wichteg Themen vun Europa an Gläichberechtegung (15.00 – 18.00).

Wanns du zweschen 16 an 26 Joer al bass, dann mell dech un via e-mail ob politique@cid-fg.lu, den Facebook-Event geet net duer als Umeldung.

No den Atelieren kennt dir nach bleiwen fir zesummen ze iessen an de Film „The suffragettes“ ze kucken. D’Owesiessen an de Film sinn gratis,oppen fir all Alter an et muss een sech net offiziell umellen. Mir soen dofir eisem Sponsor villmools Merci, Fondation André et Henriette LOSCH.

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag