Virun zwou Wochen hunn déi Lénk eng „Proposition de Révision“ vun der Constitutioun virgestallt. D’Zil vun dësem Text ass et zum engen d’Recht op Ofdreiwung an zum aneren d’Recht op sexuell Verhütung an der lëtzebuergescher Verfaassung festzeschreiwen.
Bis dass et esou wäit ass, an ob et iwwerhaapt dozou komme wäert, dat entscheet sech réischt an deenen nächste Méint. Bis dohi wäert den Text nach vill verschidden Etappen duerchgoe mussen.
A souguer wann d’Propositioun ugeholl an d’Verfassung an deem Zuch ugepasst gëtt, heescht dat net, dass dës Rechter ënner all Ëmstänn a fir ëmmer garantéiert sinn. Genau esou, wéi si integréiert kënne ginn, riskéieren si och erëm aus der Verfassung gestrach ze ginn. Firwat ass et dann trotzdeem esou wichteg, dass bestëmmte Rechter a Flichten duerch d’Verfassung definéiert ginn?
Well d’Verfassung eis viru Muechtmëssbrauch a mënscherechtsfeindlechen Tendenzen duerch politesch Acteuren an Actricë schützt. D’Verfassung ass een Instrument, dat op de Mënscherechter baséiert an universell gülteg ass. Ginn eis Rechter duerch een Drëtte mëssbraucht, kënne mir eis op d’Verfassung bezéien an d’Ëmsetzung vun eise Rechter afuerderen.
D’Recht op Selbstbestëmmung iwwer den eegene Kierper, esou wéi et an der Propositioun duerch déi Lénk gefuerdert gëtt, ass ee Recht, dat weltwäit an der Kritik steet a virun allem vum rietse politesche Bord ugegraff gëtt. Mat Bléck op global Tendenze gëtt kloer: Iwwerall do, wou rietspopulistesch Parteien dominéieren, gi Rechter vu Fraen a vun der LGBTIQ+ Communautéit ageschränkt. An dës Tendenze mierke mir och zu Lëtzebuerg. Politiker*innen, déi sech am rietsen Eck beweegen, wieren sech vehement géint eng gläichberechtegt Gesellschaft, an der all Mënsch onofhängeg vum Geschlecht, déi selwecht Méiglechkeeten huet.
D’Recht op Ofdreiwung an der Verfassung festzeleeën ass deemno een zousätzleche Schutz viru Fraen- a queerfeindlechen Entwécklungen. An genau doduerch well eng Upassung vun der Verfassung net vun haut op muer méiglech ass, ass et eben och net méiglech déi dora verankert Rechter vun haut op muer ze verléieren. Mir gewannen doduerch Zäit, déi enorm wäertvoll ass, wann et drëms geet d’Mënscherechter ze verteidegen.
Dëse Schrëtt ass deemno eng demokratesch Initiativ fir d’Autonomie vun de Bierger a Biergerinnen ze schützen. Wat soll do dogéint schwätzen?