An de soziale Medien, besonnesch op där vu Jonken vill genotzten TikTok-Plattform, ginn traditionell Famillen- a Rollemodeller staark gehypet. Besonnesch opfälleg sinn déi sougenannt Tradwives (Tradwives steet fir traditional housewives). Wou kënnt dat hier, a firwat kann dat problematesch sinn? Domat befaasst sech d’Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender.
Transcript:
Zeréck hannert d‘Dëppen
Papp, Mamm, Kanner. De Papp geet schaffen, bréngt d’Suen heem an huet bei Decisiounen dat lescht Wuert. D’Mamm këmmert sech ëm de Stot an d’Kanner a mécht aus dem gemeinsamen Haus en Doheem. Dat gëtt an de soziale Medien net just duerch déi sou genannten Tradwives Beweegung inszenéiert an idealiséiert mee et gesäit een och vill hetero Koppelen, bei dësem Trend matmaachen.
Dëst entsprécht engem Ideal aus de 50er Joren. Net nëmmen d’Aufgaben ware kloer verdeelt, mee och d’Zouschreiwungen, wat et bedeit e Mann oder eng Fra ze sinn, wat den Ideal vu Weiblechkeet a Männlechkeet ass. Also de Klischee vu staarken, onofhängegen an emotional distante Männer a vu léiwen, doucen, fügsamen a selbstlose Fraen. Dës Rollen an Identitéitszouschreiwungen waren a sinn net just immens anengend, si stellen och eng kloer Hierarchie hir. Op Tiktok & CO gëtt versicht dës Hierarchie ze verschleieren, andeems vu Komplementaritéit opgrond vu biologeschen Ënnerscheeder geschwat gëtt.
Et ass net verwonnerlech, dass dësen Trend och gutt ukënnt bei ville Männer, déi sech opgrond vun enger mangelnder Männeremanzipatioun an hirer Identitéit veronséchert a verluer spieren: dat ass dach eng einfach a sécher Léisung fir Mënschen, deene Gendervillfalt an insgesamt eng oppen a fräi Gesellschaft Angscht mécht.
Mee virun einfache Léisunge muss e sech hidden – si passe gewéinlech net op komplex a villschichteg Situatiounen.
Dës Koppel- a Familljeninszenéierungen sinn eng Romantiséierung an Idealiséierung vun engem Weltbild, wat vu ville social media Notzer*innen onbewosst, awer vun antifeministeschen a rietse Beweegungen ganz bewosst verbreet gëtt.
Zum engen kënnen déi meescht Familljen sech dëse Modell finanziell net leeschten – eng Pai geet net duer fir de Liewensënnerhalt vun enger Koppel a scho guer net vun enger Famill mat Kanner ze finanzéiren.
Zum aneren gëtt ënnerschloen, dass dëse Modell Fraen ofhängeg mécht vun hire Männer: sollt et zu enger Trennung kommen, steet si do ouni Job, eventuell ouni Beruffserfarung, op jiddfer Fall awer mat Karrièresënnerbriechung an ausserdem mat enger Mindestrent – wann de Mann net fir si kotiséiert huet.
Och fir Männer gëtt et hei Nodeeler. Elleng déi finanziell Verantwortung droen a just vu wäitem matkréien, wéi déi eege Kanner opwuessen ass fir vill Männer net erstriewenswäert.
Rietser, déi sech eng kloer a starr Gesellschaftsuerdnung mat gereegelte Muechtverhältnisser wënschen, profitéieren vun dësem Trend.
Feministesch Beweegunge kämpfe fir méi Choix, méi Fräiheet, méi Onofhängegkeet – besonnesch fir Fraen a marginaliséiert Genderen. Et kann och e Choix sinn sech haaptsächlech ëm onbezuelt Care Aarbecht, also den Haushalt an d’Kannerbetreiung ze këmmeren. Vu Choix kann een awer just schwetzen, wann d‘Persoun sech bewosst ass, wat d’Konsequenze kënne sinn.
Och ech sinn der Meenung, dass onbezuelte Care Aarbecht muss opgewäert ginn an dass et muss méiglech sinn, dass Elteren Zäit hunn sech ëm hir Kanner ze këmmeren. Awer d’Romantiséierung vum Réckschrëtt an traditionell Rollebiller, wou d’Fra sech dem Mann ënneruerdent, hir eege Karriär un de Nol hänkt a sech komplett ofhängeg mécht vun hirem Partner, ka keng Léisung sinn.
No Upcoming Events found!
DAS CID
CID | Fraen an Gender ist ein Ort für alle die sich für Feminismus, Genderthemen, Gleichheit zwischen allen Geschlechtern interessieren und sich gegen Geschlechterstereotypen aussprechen.
Autres sites web
ÖFFNUNGSZEITEN
Dienstag, Mittwoch, Freitag:
12 – 18Uhr
Donnerstag:
12h – 19h30
& Termine für Recherchen außerhalb der Öffnungszeiten
Im August und während den Weihnachtsferien ist das CID geschlossen.
© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag