Art engagé mam CID am MUDAM: e Réckbléck

mercredi, 17. juillet 2019 18:30

Le 17 juillet, Mudam avait invité plusieurs associations luxembourgeoises engagées autour de questions qui sont au cœur de la pratique de LaToya Ruby Frazier – les droits des femmes, les discriminations, la classe ouvrière, les migrations, … – à porter un regard personnel sur son exposition. Nous étions contentes de pouvoir participer et nous espérons que ce n’était pas la dernière fois car le format de l’événement est à répéter :-)! La visite était suivie d’un moment convivial de discussion au Mudam Summer Café.

E grousse Merci dem Caroline Hoffmann fir d’Organisatioun, dem Jen LoSa fir seng interessant a beréierend Interventioun an alle Gäscht fir hiren Interessi!
An zu gudder lescht e grousse Merci dem Stéphanie del Lima fir seng wäertvoll Hëllef bei der Praparatioun.

Hei eise Begréissungstext (vum Isabelle Schmoetten):

De CID | Fraen an Gender gouf 1992 gegrënnt an ass Zentrum an Treffpunkt fir Gender a Feminismus zu Lëtzebuerg. Mir engagéieren eis fir d’Gläichstellung vun de Geschlechter, fir eng feministesch Gesellschaft a fir d’Verbreeden an den Ausbau vu Genderwëssen. Mat Gender ass dat soziaalt Geschlecht, d’Geschlechtsidentitéit gemengt. Am Géigesaz zum Geschlecht ass Gender net ugebuer mee unerzunn, respektiv sozialiséiert. Feminismus bedeit fir eis den aktiven Asaz fir Fräiheet a Selbstbestëmmung an alle Froen, déi mat Geschlecht, Kierper an sexueller Orientéierung ze dinn hunn.

De CID ass eng grouss ëffentlech Bibliothéik a realiséiert kulturell, sozio-politesch a pädagogesch Projeten, wéi Konferenzen, Workshops a Campagnen, mir hunn awer och Bicher a CDen editéiert.

Mäi Numm ass Isabelle Schmoetten, ech si responsabel fir déi gesellschaftspolitesch Aarbecht.

E vun eisen rezentste Projeten nennt sech feminist tea-for-free. En ass am Januar gestart mam Ziel emol am Mount eng niddregschwelleg Ulafstell fir all Feminismus-interesséierte Mënsch ze bidden egal wéi vill e sech scho mam Sujet befaasst huet. Bei dem éischten Treffen hu mir eis z.B. géigesäiteg eis feministesch Liiblingsbicher virgestallt a bei engem aneren Treffe goung et ëm Froe ronderëm Léift, Romantik a Partnerschaft. No ongeféier dräi Treffen huet eis eng jonk engagéiert Fra ugeschwat, d’Stéphanie Delgado, ob mir net en feminist tea-for-free ënnert dem Titel « black feminism » maache kéinten. Aus dëser Initiativ, déi mir gär ënnerstëtzt hunn, si net nëmmen 3 Treffen zum Thema entstanen, bei deene mir all vill iwwert de Sujet geléiert hunn mee och mat Liewens- a Leidensgeschichte konfrontéiert goufen, doriwwer wat et heescht eng schwaarz Fra zu Lëtzebuerg ze sinn. Doriwwer eraus hu mir och vill nei Kontakter krut, ënnert anerem den zum Jennifer Lopes, wat haut mat mir hei ass.

Wéi ech mat menger Aarbechtskollegin Joëlle Schwinnen dës Foto vum LaToya Ruby Frazier erausgesicht hunn, war eisen éischte Bezuch déi dräi Treffen zu black feminism an all deenen interessante Sujeten an Diskussiounen déi dobäi opkoumen. Dofir wëll ech e puer Wierder zur Theorie vum schwaarze Feminismus soen.

Säit et Frae ginn, déi duerch e patriarchalesche System ënnerdréckt gi sinn, gëtt et och Fraen déi sech dogéint gewiert hunn an dowéinst als Feministinne bezeechent kënne ginn, och wann si sech selwer net esou genannt hätten. Dat betrëfft all Zäitalter, all Kontinent, all Regioun. Ze mengen oder ze behaapten de Feminismus wär eng Erfindung vu wäisse Fraen, ass also grondsätzlech falsch.

Wann elo vu schwaarzem Feminismus geschwat gëtt, geet dëse Begrëff virun allem op déi afroamerikanesch Beweegung zeréck, déi parallel zur zweeter Fraebeweegung an de 60er Joren entstanen ass. D’Motivatioun fir sech vun de wäisse Fraen ofzegrenze geet awer schonn op déi éischt Well vun der Fraebeweegung zeréck, Enn vum 19. an Ufank vum 20. Joerhonnert. Rassismus war wäit verbreet an där wäisser feministescher Fraebeweegung – wäiss Fraen hu sech aktiv bedeelegt un der Verbreedung vu sexistesch-rassistesche Viruerteeler iwwert schwaarz Fraen, fir selwer besser do ze stoen. An der Suffragette Beweegung fir d’Wahlrecht fir Fraen, hunn eng ganz Rei wäiss Fraen sech net geschummt ze soen dat éischt Zil wär emol, dass wäiss Frae kéinte wiele goen.

Och an där zweeter Beweegung hunn Schwaarz Fraen sech vun deene wäisse Frae benodeelegt a vergiess gefillt. Wärend déi wäiss Fraen sech z.B. fir déi gläich Bezuelung wollte staark maachen, hu schwaarz Frae gesot si wéilten iwwerhaapt emol schaffe kënne goen. Schwaarz Fraen hunn drop higewisen, dass si net nëmmen ënnert sexistescher Diskriminéierung leiden, mee och ënnert rassistescher a klassistescher. Déi Diskriminéierungen, déi oft strukturell an dofir net fir jidderee gutt siichtbar sinn, ginn dobäi net nëmme vu Männer, mee vun alle Geschlechter aus.

An den 80er Joren huet d’Juristin Kimberley Crenshaw vun Intersektionalitéit geschwat fir dëst Phänomen ze beschreiwen. Si huet dëst Konzept unhand vun engem juristesche Fall erkläert. 1976 hate 5 schwaarz Fraen den Automobilhiersteller General Motors wéinst sexistescher a rassistescher Diskriminatioun verklot. De Betrib hat op ee Coup all déi schwaarz Mataarbechterinnen entlooss. D’Verdeedegung sot, well keng wäiss Frae gekënnegt gi wären, kéint e net vu Sexismus schwätzen. A well keng schwaarz Männer entlooss gi wären, kéint een net vu Rassismus schwätzen. Déi schwaarz Frae ware vun intersektionaler Diskriminéierung betraff.

D Konzept vun der Intersektionalitéit ass mëttlerweil ganz zentral a wichteg an de feministesche Beweegungen. Nieft Kategorië wéi race, class, gender ginn och sexuell Orientéierung, Behënnerung, Relioun mat an d’Analyse geholl. An der Praxis si mir leider oft nach ëmmer wäit fort vun enger tatsächlecher intersektionaler Aarbecht.

De schwaarze Feminismus huet déi feministesch Beweegung geléiert op Privileegien ze kucken. Wou sinn ech privilegiéiert? Wou sinn ech et net? Sou ass d’Konzept vun critical whiteness entstanen, vum kritesche Wäiss-Sinn, en Usaz aus der Antirassismusbeweegung, den Mënschen dozou brénge soll hir eege Privileegien ze erkennen an des verantwortungsvoll ze notzen.

Schwaarze Feminismus beschäftegt sech och vill mam Postkolonialismus. Dësen Denkusaz geet dovun aus, dass de Globalen Norden, also virun allem Europa an Nordamerika, hir imperialistesch a kolonialistesch Denk- an Handlungsweisen nach ëmmer fortsetzen, och wann et offiziell keng Kolonië méi ginn. Grad am Ëmfeld vun der Entwécklungszesummenaarbecht gi Mënschen aus dem Globale Süden nach ëmmer ofhängeg gehalen, bevormundet an zum Deel och ausgebeut. Déi Wäiss verkafen sech als d’Retter*inne vun deenen aarmen ënnerentwéckelte Mënschen. Dëst Phänomen besteet awer net nëmmen tëscht de Regiounen, mee och bannendran. Alldagsrassismus vis-à-vis vu schwaarze Mënschen ass och zu Lëtzebuerg ganz normal. Schwaarz Mënsche ginn éischter vun der Police kontrolléiert, si fanne méi schwéier eng Wunneng, si fanne méi schwéier eng Aarbecht, si ginn an der Schoul méi schlecht orientéiert an hinne gëtt systematesch eng lëtzebuergesch Identitéit ofgeschwat. Dat alles opgrond vu rassistesche Viruerteeler, déi déif an eise Käpp verankert sinn – och dat ass postkolonial.

Vill zentral a beweegend schwaarz Feministinne waren a si Schrëftstellerinnen. Toni Morrison, bell hooks awer och Fatou Diome an Chimamande Ngozi Adichie mussen do genannt ginn. Si hunn sech net nëmmen an theoreteschen Aarbechten, mee virun allem an hire beweegenden, léierräichen an déifgrënnege Romaner domat befaasst, wat schwaarz, weiblech, homosexuell Identitéiten an strukturell si benodeelegende Gesellschaften ausmécht.

Ween ech elo e wéineg fir de Sujet konnt interesséiere wëll ech häerzlech an eis Bibliothéik invitéieren. Am CID hu mir mëttlerweil e groussen a qualitativ héichwäertege Bestand zu dëse Sujeten.

Zum Schluss wëll ech nach drun erënneren, dass et deen ee Feminismus net gëtt, grad sou wéi Gruppe wéi wäiss a schwaarz Fraen natierlech konstruéiert sinn – och dat wëll en intersektionalen, op Privileegië geriichte Bléck eis léieren. Awer et gëtt vill Gemeinsamkeeten a Parallele wa mir de Bléck op déi strukturell Benodeelegungen an eiser Gesellschaft riichten – sief et sexistesch, rassistesch, klassistesch oder heterosexistesch Benodeelegung. Do gëtt et duerchaus vill gemeinsam Erfarungswäerter.

Ech selwer erliewen als wäiss Fra Sexismus – strukturell an individuell, mee ech zielen awer zu deene privilegéiertste Mënschen op der Welt, opgrond vu menger Hautfaarf, mengem Pass, mengem Bildungsniveau a menger sozialer an ekonomescher Situatioun. Klassismus a Rassismus sinn Erfarungen, déi ech net muss erliewen. Dofir war et mir wichteg haut net iwwert schwaarz Fraen ze schwätzen, mee enger schwaarzer Fra, enger afrolëtzebuergescher Fra selwer d’Wuert ze ginn.

D’Jennifer Lopes ass eng afrolëtzebuergesch Kënschtlerin. Si plangt Ausstellungen, ass Dänzerin, befaasst sech mat Molerei, entwerft och Kostümer a schafft virun allem mat recycléiertem Material. Aktuell ass hire Projet d’Gestaltung vun der Baussefassad vum BENU Village zu Esch. 2020 huet si eng Ausstellung zu Diddeleng am CDMH iwwert Identitéit. Ausserdeem ass d’Mme Lopes Matbegrënnerin vum Collectif « Finka Pe », den afrodescendat.es zu Lëtzebuerg an Diversitéit wëll valoriséieren.

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag