Ciné-Concert: Stommfilmer mat Musek vu Lou Koster

dimanche, 7. octobre 2018 15:00 - 17:00

Stommfilmer mat Musek vun der Lou Koster

Am Kader vum europäesche Joer vum Kulturierwen a vun der Ausstellung iwwert den Art déco zu Lëtzebuerg am MNHA, presentéiere mer Stommfilmer aus dem CNA mat Musek vun der lëtzebuergescher Komponistin Lou Koster (1889-1973), déi an den 1920er Jore reegelméisseg Stommfilmer an de Lëtzebuerger Kinoe musikalesch um Piano begleet huet. D’Originalpartiture vun der Lou Koster, déi haut am CID Fraen a Gender an an der Nationalbibliothéik versuergt ginn, sinn de roude Fuedem fir d’Pianistin Jessica Chan an d’Realisatrice Anne Schiltz fir des artistesch an historesch Performance ze gestalten. D’Danielle Roster, chargée culturelle am CID ǀ Fraen a Gender a Spezialistin vun der Lou Koster, gëtt Erklärungen zur Praxis vun enger Stommfilmmusikerin.

Jessica Chan, Pianistin
Anne Schiltz, Realisatioun
Danielle Roster, Presentatioun

keng Reservatioun noutwendeg

Koproduktioun CID ǀ Fraen a Gender /CNA / MNHA / M3E

Wou? Musée Dräi Eechelen, 5, Park Dräi Eechelen, 1499 Luxemburg

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag