Première vun „courants d’airs“, dem neie Film vum Anne Schiltz

Montag, 20. November 2017 20:00 - 21:30

De CNA an de CID invitéieren op e Filmowend vun a mam Anne Schiltz. No Cello Tales beschäftegt d’Cineastin sech erëm mat Musek. An hirem neie Film Klangrees dréint sech alles ëm e ganz besonnesche Festival op enger klenger bretonescher Insel: Musiciennes à Ouessant.

Am Summer 2015 stoung dëse Festival fir d’éischt am Zeeche vu lëtzebuerger Komponistinnen an d’ Anne Schiltz huet während enger Woch d’Stëmmung do agefaangen a probéiert erauszefannen, wat dëse Festival esou extra mécht.

Virun der Projektioun ënnerhält sech d’Filmexpertin Viviane Thill mat der Cineastin an duerno presentéiert d’Festivalsleederin Lydia Jardon d’Editioun 2018 vu Musiciennes à Ouessant bei där mat der Komponistin Tatsiana Zelianko nees Lëtzebuerg am Mëttelpunkt steet.

Well de CID | Fraen an Gender dëst Joer 25te Gebuertsdag feiert, iwwerrascht d’ Tatsiana Zelianko eis virum uschléissende Patt mat engem musikalesche Gebuertsdagskaddo.

Wou?: Centre National de l’Audiovisuel

1b rue du Centenaire
L-3475 Dudelange

Hei den Trailer vum Film:

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag