#wielewatmersinn. Visite guidée Fokus Fraewalrecht

jeudi, 6. février 2020 18:00 - 19:30

6. Februar, 18H. Am Kader vun der Ausstellung iwwert dat allgemengt Walrecht steet d’Fraewalrecht am Mëttelpunkt vun dëser Visite guidée.
1919 goufen de Fraen zu Lëtzebuerg hir politesch Rechter zougesprach an dëst, anescht wéi an anere Länner, ouni gréissere Kampf.

die erste luxemburgische Abgeordnete

Wéi koum et dozou? Wéi war déi sozial an déi rechtlech Situatioun vun de Fraen virun deem Datum? Wéi ass et weidergaangen?

Duerch d’Visite féieren d’Renée Wagener an de Régis Moes. D’Renée Wagener ass  Co-Curatrice vun dëser Ausstellung an Auteure vun der Publikatioun “ …wie eine frühreife Frucht”. Zur Geschichte des Frauenwahlrechts in Luxemburg.
Den Historiker Régis Moes ass Conservateur am MNHA.

Wéini?: Donneschtes, de 6. Februar am 18H00
D’Plaze sinn op 20 begrenzt, duerfir w.e.g. esou séier wéi méiglech umellen op bureau@cid-fg.lu oder Tel 241095-1.

Wou?: MNHA, Musée National d’Histoire et d’Art, Fëschmaart
Wien?: CID an MNHA

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag