Interview mit der Perkussionistin Louisa Marxen

(dr) Louisa Marxen, Dir lieft als fräischaffend Perkussionistin zu Basel, a kommt elo de 25. a 26. Januar op Lëtzebuerg fir am TNL ee Solorecital ze ginn. Kënnt Dir eis beschreiwen, wat et do ze héiere gëtt ?

Perkussiounsinstrumenter wéi z.B. Vibraphon an Trommele kommen zum Asaz. Ech bespillen awer och Material wat een allgemeng net op enger Bühn erwaarde géif: Kiselsteng, puer Meter Holz oder e Staubsauger. Fir mäin éischte grousse Solo Spektakel wollt ech mech ausserdeem net nëmmen op di reng akustesch Komponent fokusséieren. Zeenesch an musektheatralesch Elementer spillen eng zentral Roll: z.B. spillen ech en Stéck ganz ouni Instrumenter, en anert Stéck ass ganz am Däischteren.

4 vun de Stécker déi Dir am TNL spille wäert, goufe speziell fir Iech komponéiert. Och d’Carola Bauckholt, vun där mir CDen a Partituren an der Bibliothéik hunn, huet ee Stéck fir Iech geschriwwen : Solo für Staubsauger. Dir sot mir, dass d’Zesummenaarbecht mat hir besonnesch intensiv a wäertvoll war. Kënnt Dir eis e bësse méi dozou soen ?

D’Carola Bauckholt ass eng Komponistin déi op eng ganz kreativ Aart a Weis mat deene verschiddenste Materialie schafft. Si huet eng bestëmmte Virstellung vun engem Geräisch, a sicht dann de passende Klangerzeuger fir dobäi. An dësem Fall waren dat Sauggeräischer.

Dobäi bleift si ni bei där éischter Iddi stoen : et geet also net primär dorëms en witzegt Stéck iwwert en Staubsauger ze schreiwen–d’Carola Bauckholt setzt sech ganz eescht mat dem Klangerzeuger Staubsauger auserneen. D’Ironie a virun allem meng Freed fir dat Stéck ze spille kommen da vun eleng.

Di verschidde Kläng hu mir zesumme fonnt an no Charaktere benannt (z.B. Donald Duck, nasser Hund, Rasenmäher). De Skript, also d’Reiefolleg vun de verschidde Kläng staamt vum Carola. Si geet extrem respektvoll a generéis mat den Instrumentalisten ëm, dat schätzen ech immens a mécht d’Zesummenaarbecht esou wäertvoll.

Dir kommt aus enger Kënschtlerfamill, sidd d’Duechter vum Flora Mar aus dem Kënschtlerkollektiv Autour du Bleu, enger Fra, déi mir souwuel vun hirer Konscht wéi och als trei Lieserin an der Bibliothéik vum CID gutt a laang kennen. Dir sidd also wahrscheinlech scho fréi doheem kënschtleresch gefërdert ginn ? Hutt Dir Iech als Kand och an anere kënschtleresche Beräicher betätegt ? Wéi war Äre Wee zur Musek, zur Perkussioun ?

Neies kreéieren, Neies erschafen, en neie Bléckwénkel op Bekanntes werfen – dat war fir mech säit menger Kandheet den Inbegriff vu Konscht. Dëst Verständnis fir Konscht – egal wéi ee Beräich – hunn ech duerch meng Mamm matkritt, ech hunn si bewonnert an si präägt mech bis haut.

Firwat mech grad d’Musek ugezunn huet, kann ech net benennen. Mäin Dram als klengt Meedchen war laang Zäit zesumme mat de Schof an der Tromm um Hämmelsmarsch op der Schueberfouer ze goen. Fir mäi Solo Programm huet de Fritz Hauser mir zu dem Thema e Stéck gewidmet : « Shong ».

Och wann ech selwer a kengem anere kënschtlereschem Beräich aktiv täteg sinn, schaffen ech am léifste mat anere Kënschtler wéi Schauspiller, visuell Artisten oder Dänzer. Oder ech integréieren den zeeneschen Aspekt direkt selwer, esou wéi an dësem Solo Spektakel.

links zum Ulauschteren a Kucken :

www.louisamarxen.com

http://www.tnl.lu/event/louisa-marxen-solo

Partager cet article

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag