Besuch bei der Bicherwallis

Zwou Vertriederinne vum CID hu gëschter zwou Schoulklasse vum Cycle 3-4 am Kader vum Projet Bicherwallis ‘Alles Familie !’ besicht.
D’Bicherwallis ass e pädagogesche Projet zum Sujet Diversitéit an der Famill. Si ass gefëllt mat Bicher a Spiller, déi ‘typesch’ Familljenstereotypen opbriechen an hannerfroen. D’ Ausernanersetzung mat den zirka 30 Bicher erlaabt de Kanner nei Familljennormen ze entdecken. Et steet fest, dass ëmmer manner Familljen där stereotypescher Kärfamill entspriechen an sou ewéi d’ Reform vun den Familljerechter et beweist, ass et wichteg, sech un déi sozial Changementer ze adaptéieren.

D’Zil vun der Bicherwallis, déi iwwregens vun Klass zu Klass geet, ass et, de Kanner ze erméiglechen sech mat Theme wéi Gender, Stigmatiséirung vun der Famill oder och Diversitéit vun Famillenmodeller auserneesetzen an esou net nëmmen d’Vilfalt, mee och déi eigentlech Komponenten déi eng Famill ausmachen, esou wéi Léift, Respekt an Ënnerstetzung, festzestellen.

Partager cet article

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag