Reden von Susanne Jaspers und Danièle Wagener bei der Vorstellung der Haie

Wir fanden die Reden von Susanne Jaspers und Danièle Wagener bei der Präsentation so aufschlussreich und interessant, dass wir sie an dieser Stelle nicht vorenthalten wollen. Wir möchten uns sehr herzlich bei dem Verlag capybarabooks für die exzellente Zusammenarbeit, bei dem Chancengleichheitsministerium, dem Kulturministerium und vor allem bei der Oeuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte für die großzügige Unterstützung bedanken.

Susanne Jaspers

Ech mengen, déi éischt Kéier, wéi ech am CID war, ass méi wéi 12 Joer hier. Deemools huet mäi Mann a capybarabooks-Koediteur, de Georges Hausemer, um Lëtzebuerger Lexikon geschafft an Informatiounen iwwer bedeitend Fraen an der Lëtzebuerger Geschicht gesicht. Där woren net liicht ze fannen – fir net ze soen, bal iwwerhaapt net. Ausser hei, am CID | Fraen an Gender, deemools nach CID-femmes. Virdrun hat ech nach ni vun enger Helen Buchholtz oder enger Lou Koster héieren – esou wéi ech, éierlech gesot, iwwerhaapt nach ni vu Lëtzebuerger Komponistinnen héieren hat. No eiser Recherche am CID hunn ech deenen zwee hire Numm – an nach munch aneren – behal an och net méi vergiess. Fir eis Recherchë wor deemools och d’Buch „Wenn nun wir Frauen auch das Wort ergreifen“ eng onheemlech Hëllef.

An esou hunn ech mech natierlech immens gefreet, wéi virun etleche Méint e Mail vum Danielle Roster koum an deem si eis gefrot hat, ob mer interesséiert wieren, bei der Realisatioun vun der Suite vun dësem wichtege Buch matzeschaffen.

Fir ganz éierlech ze sinn – mä dat bleift ënnert eis – wor de Georges deemools e bësse méi skeptesch. Hie sot wuertwiertlech zu mir „Ech wor zu menger Studienzäit zu Mainz mat menger deemoleger Frëndin an engem Fraegrupp, do hu mer ëmmer mussen d’Zäitschrëft „Courage“ liesen an analyséieren, well eis d’„EMMA“ ze konservativ wor. Ech sinn also fraebeweegt genuch, wa mir de Projet unhuelen, muss du d’Haaptaarbecht maachen.“ Wéi mer dunn den Optrag kruten, huet de Georges nawell musse feststellen, datt hien dach awer guer net esou fraebeweegt bezéiungsweis net méi ganz op dem aktuellen Stand wor – vum Sujet Gender guer net ze schwätzen. An esou koum et, datt hien, ëmmer wann ech un dem Buch geschafft hunn, stänneg bei mir an de Büro geschäert koum, fir ze froen, ob net vläit schonn en neien Text vum neien CID-Buch erakomm wier, hie géif deen dann och ganz gär eng Kéier liesen.

 

Ech hoffen, neen, ech si mer sécher, datt de Georges net deen Eenzegen wor, deen sech immens fir dat Buch, dat mer haut den Owend hei virstellen, interesséiert a begeeschtert huet.

Ech selwer hunn zwar zu Tréier studéiert a mech dowéinst scho ganz gutt mat Gay and Lesbian auskannt, mä iwwer den BTIQ+ sinn ech am „Mit den Haien streiten“ nach viel Neies gewuer ginn. Wéi och iwwer faszinant Perséinlechkeete wéi d’Stenia Zapaloswka a Resistenzlerinnen, iwwer‘“Bätz“ an iwwer „Wullmäis“, iwwer Ex-Pats an esou guer iwwer d’Astrid Lulling – ouni mussen hir Autobiographie ze liesen.

De Georges huet mech och heiansdo – e bëssen hannerlëschteg – gefrot, wei d’Aarbecht mat den Editricen an dem CID géif lafen, ech hätt jo fréier ëmmer behaapt all Fraleit wieren „stutenbissig“ oder et géif bei Fraen ëmmer Zickenkrieg ginn. Do louch de Georges awer komplett donieft. Ech schaffen schonn zënter villen, ville Joer an der Verlagsbranche an hu schonn etelech Bicher betreit oder matbetreit. An ech muss soen, datt ech nach ni eng esou flott, harmonesch a kollegial Zesummenaarbecht erlieft hu wéi „mat deene Fraleit“ bei deem heite Projet. Kee Problem, deen net gemeinsam solutionéiert, keng Fro, déi net einverneemlech gekläert konnt ginn. Dohier e ganz grousse Merci un déi ganz Equipe fir äert Vertrauen an eise Wasserschwein-Verlag a fir déi immens gutt Zesummenaarbecht. An e besonnesch décke Merci un d’Madame Francoise, déi gëschter, wéi ech d’Bicher geliwwert hunn, am Reen siwe Këschte fir mech geschleeft huet – obwuel si dat net hätt misse maachen. Ech wënschen dem Buch vill Lieser a Lieserinnen an Opmierksamkeet a soen nach eng Kéier: Merci!

 

 

Danièle Wagener

Merci à CID Fraen an Gender pour l’invitation

Je suis heureuse de représenter l’Oeuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte ici ce soir

L’Oeuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte est un établissement public sous la tutelle du Ministère d’Etat. Elle gère et organise la Loterie Nationale.

La mission de l’Oeuvre est de

  • combler les besoins non couverts dans notre société
  • soutenir des organismes oeuvrant dans le domaine philanthropique en les aidant à réaliser leurs objectifs.

Elle soutient des actions et projets dans les domaines du social, de la protection de l’environnement, du sport et de la santé et de la culture.

Dans sa réunion du 3.10.2017 le Conseil d’Administration de l’Oeuvre a décidé de soutenir ce projet d’une teneur à la fois culturelle et sociale.

En effet, en tant que projet de recherche scientifique dans le domaine des Gender Studies, ce livre qui rassemble les contributions de 27 auteures et auteurs, met en question le rapport entre les sexes véhiculé jusque là dans le domaine scientifique et dans la société et reflète les changements culturels (mariage homosexuel, pluralité culturelle, rôles de genre) qui ont eu lieu dans notre société depuis la fin de la Deuxième Guerre Mondiale.

Permettez-moi de relever également la qualité du lay-out du livre ainsi que celle des portraits photographiques de l’artiste-photographe Véronique Kolber.

Dans le contexte de la parution de ce livre je vous recommande de réécouter l’émission LSD, La Série Documentaire (diffusée du 1er au 4 octobre) sur France Culture qui sous le titre de “Masculins, est-ce ainsi que les hommes se vivent” parle de l’évolution des stéréotypes féminins, mis en question depuis longtemps et des stéréotypes masculins qui, au contraire, sont restés largement tabous.

 

Certains chapitres de ce livre publié par le CID me rappellent des épisodes précis de ma propre vie, privée et professionnelle

En tant qu’élève féminine de l’école primaire d’Esch-sur-Alzette j’ai fait du crochet en classe et réalisé plusieurs années de suite des maniques que j’ai ensuite offertes à ma mère pour la Fête des Mères.

Dans les années 80 j’étais un des seules femmes à réaliser des reportages culturels pour l’émission en langue luxembourgeoise Hei Elei Kuck Elei

En 2000, dans le cadre de l’exposition Incubi Succubi. Les sorcières et leurs bourreaux, hier et aujourd’hui montrée au Lëtzebuerg City Museum, nous avons thématisé le lynchage politique de la première femme ministre luxembourgeoise, Madeleine Frieden-Kinnen.

En conclusion, je tiens à exprimer les félicitations les plus sincères de l’Oeuvre aux éditrices du livre, aux auteurs et auteurs ainsi qu’au CID Fraen et Gender qui a rendu possible cette publication.

 

Danièle Wagener

Membre du Conseil d’Administration de l’Oeuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte.

 

Diesen Artikel teilen

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag