CID meets… feminists with endometrioses

Donnerstag, 23. März 2023 18:00 - 19:30
CID meets…

feminists with endometriosis

Wat ass Endometrios? Wéi gëtt se diagnostizéiert a behandelt? Wat brauche mir zu Lëtzebuerg fir de Besoin’en vu Betraffene gerecht ze ginn? A wat huet dat alles mat Feminismus ze dinn?
De Mäerz ass net nëmmen de Mount vun de Fraerechter mee och de Mount fir iwwer d’Krankheet Endometrios opzeklären, vun där 1 vun 10 Fraen betraff sinn (doriwwer eraus och trans Männer, inter a net binär Persounen a ganz seelen och cis Männer).

D’Annabelle, d’Annemie an d’Isabelle* sinn net just allen 3 Feministinnen a schaffen all Dag an hirer Aarbecht un der Realiséierung vun enger gläichberechtegter Gesellschaft, si sinn och allen 3 vun Endometrios betraff.
Kommt hinne bei engem Austausch zu de genannten (a weidere) Froen nolauschteren a schwätzt mat. Dir kënnt Iech och eis Bicher zum Sujet ukucken an ausléinen a fir Gedrénks a Snacks ass och gesuergt.

Den Austausch ass op Lëtzebuergesch mat enger Iwwersetzung op Franséisch.

*Annabelle Laborier-Saffran (Gläichstellungsbeoptragt vun Diddeleng), Annemie Maquil (Gläichstellungsbeoptragt vun der Stad) an Isabelle Schmoetten (CID)
Wéini: Do/Je 23.03.2023 18:00 – 19:30
Wou: CID Fraen an Gender, 14 rue Beck, Luxembourg
Fir wen: all interesséiert Persoun (betraff oder net betraff vun Endometrios) / toute personne intéressé.e (concerné.e ou non-concerné.e de la maladie)

Hei eng Lëscht mat Titelen vu Bicher zum Thema déi dir an der Bibliothéik ausléine kënnt

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag