1922 gouf An der Schwemm an der Stad, am Pôle Nord, mat groussem Erfolleg uropgefouert. Et ass bis haut déi eenzeg lëtzebuergesch Operett vun enger Komponistin, der Lou Koster. An dësem lëschtege, mee sozialkritesche Stéck, geschriwwe vum Batty Weber, ginn al Rollemuster op de Kapp gestallt. Déi Nei Fra, d’Garçonne vun de Roaring Twenties, steet op der Bün, sportlech am Maillot ‚an der Schwemm‘. D’Fräischwamme steet symbolesch fir d’Gläichberechtegung vun de Fraen.
Vill hat sech gedoen an der Geschicht vun der lëtzebuergescher Operett: Wéineg Leit wëssen haut nach, dass an den éischten Operette vum Dicks d’Fraerolle vu Männer gesonge goufen… Mee wéi hutt dat geklongen? Dat froe mir an engem musikaleschen Experiment. Wéi kléngt zum Beispill d’Mumm Séis, deemno wat fir ee Geschlecht se interpretéiert? A wéi ee Fraebild hat den Dicks, dee ronn 70 Joer virum Lou Koster op d’Welt koum?
A wou féiert dat alles hin? Wat soen sou Operetten eis haut nach? Ass „sech fräischwammen“ nach een Thema an enger héchst individualiséierter Gesellschaft? Ginn et iwwerhaapt nach Männer- a Fraerollen an der Musek, der Literatur an der Gesellschaft? A wéi ginn haut Rolle getosch a scheinbar Grenzen iwwerschratt?
Bei dëser Geleeënheet stelle mir och déi nei Editioun vun der Partitur vun An der Schwemm vir. No laanger Beschäftegung mat de Manuskripter erliichtert dës Editioun et elo Ensembelen dat Wierk opzeféieren. Ausserdeem lancéiere mir dat neit Portal zur Operett An der Schwemm op der Homepage https://mugi.lu mat méi Informatiounen an Abléck.
Et maache mat op der Table Ronde :
Germaine Goetzinger, Sonja Kmec (Moderatioun), Danielle Roster (Input-Referat), Jonathan Kaell, Andreas Wagner, Tatsiana Zelianko. Musikalesch Beispiller a musikalescht Experiment: Weeltzer Gesank.
Wéini a wou ?
Ëm 18:00 Auer am Rittersall am Weeltzer Schlass (Entrée gratis, Reservatioun gewënscht (https://www.festivaldewiltz.lu/table-ronde/), Dauer: ca. 75 Minutten).
Ëm 20:30 gëtt op der Fräiliichtbün d’Operett An der Schwemm vum Lou Koster a Batty Weber eng leschte Kéier fir 2024 opgefouert (méi heizou a Reservatioun: https://www.festivaldewiltz.lu/table-ronde/).
No der Table-Ronde a virum Spektakel kann een am Festival Food-Village iessen an drénken.