Gesellschaftlech Kämpf zu Lëtzebuerg 2020

Freitag, 14. Februar 2020 18:00

2020 ass d’Gesellschaft zu Lëtzebuerg ongerecht. Laika invitéiert dräi Acteure vu soziale Kämpf zu Lëtzebuerg fir gemeinsam iwwert hier Methoden, Ziiler, Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder ze schwätzen.

Aarmut a sozial Ënnerscheeder sinn och trotz dem héchste Bruttoinlandsprodukt pro Kapp een grousst Thema zu Lëtzebuerg. Syndikater wei den OGBL Commerce setzen sech un Terrain fir d’Lounaarbeschter*innen an a kämpfe fir besser Aarbechtskonditiounen am Handel. Ganz rezent konzentréieren hier Efforten sech ob de Kollektivvertrag vun de Cactus-Mataarbechter*innen. Et geet ëm méi héij Léin, Unerkennung vun Qualifikatiounen a besser Aarbechtsbedingungen. Mat zuelraichen Mobiliséierungen an Aktiounen an de läschte Méint huet den OGBL Commerce dësen Cactus internen Konflikt zu engem nationalen Thema gemach.

D Klimakris bedroht Existenzen a Liewe weltwäit. De globalen Norde verursaachen dee gréissten Deel vun de weltwäiten Zäregasemissiounen an droen domat ee groussen Deel zur Äerderwiermung bai. Wann déi ganz Welt sou liewe géif wéi d’Gesellschaft zu Lëtzebuerg, wier de globalen Earth Overshoot Day, deen Daach un deem déi vir ee Joer virgesi Ressourcë scho verbraucht sinn, Mëtt Februar. Youth for Climate sensibiliséiere säit engem Joer an de Schoulen a mobiliséieren Schüler*innen an aaner Generatiounen op Strooss nom Beispill vun der internationaler Klimastreik Beweegung. YfCL hunn iwwert de Summer eng Koalitioun mat ONG’en, Gewerkschaften an aaneren Organisatiounen ugestouss fir ob den Zesummenhank vun der Klimakatastroph an de sozialen Ongerechtegkeeten opmierksam ze maachen.

Sozial a gesellschaftlech Ënnerscheeder bestinn och weiderhin tëscht de Geschlechter. Zu Lëtzebuerg verdénge Fraen* dem STATEC no ronn 5% manner fir déi selwegt Aarbescht wéi hier männlech Kolleege. D’Plattform JIF (Journée Internationale des Femmes) organiséiert all Joer d’Aktivitéiten rondrem de Fraendag. Fir 2020 schléissen sech d’Fraen* zu Lëtzebuerg den weltwaiten Mobiliséierungen zum Frae*streik un. D’bezuelten an onbezuelten Care-Aarbecht, all déi Aktivitéiten wou sech ëm aaner Persounen gekëmmeren gëtt, gëtt verstäerkt vu Fraen* veriicht. Mat oppenen Treffen, themateschen Evenementer, perséinlechen Témoignagen an Revendicatiounen sinn méi wei 20 feministesch Organisatiounen an ganz vill Eenzelpersounen am gaangen fir den éichten Frae*streik zu Lëtzebuerg ze mobiliséieren.

Laika invitéiert dës dräi Acteure vum gesellschaftleche Kampf sech virzestellen an zesummen ze diskutéieren: Wei organiséieren si sech? Wat sinn hir Methoden an Strategien? Wou leien d’Problemer zu Lëtzebuerg? Wêi kanns du dech engagéieren?

Mat enger Virstellungs- an Diskussiounsronn vu JIF Luxembourg, Youth for Climate Luxembourg an OGBL Commerce soll genau dat beäntwert ginn.

14. Februar 2020
18 Auer
Café Streik

D’Diskussioun wäert primär op lëtzebuergesch sinn.

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag