22. Mai: Lou Koster – Owend

Montag, 22. Mai 2017 19:30

Concert-conférence / Konzert-Vortrag

lou_koster400Déi lëtzebuergesch Komponistin Lou Koster (1889-1973) ass virun allem bekannt duerch hiren Oratorio »Der Geiger von Echternach«, deen 1972 uropgefouert gouf. Si huet och eng ganz Rei vu kuerze Gedichter vertount, souwuel vun auslännesche wéi vu lëtzebuergeschen Dichter, dorënner de Willy Goergen, de Nikolaus Welter, deen och den Text vum Geiger geschriwwen huet, an de Paul Palgen.

D’Noémie Desquiotz-Sunnen (Sopran) an d’Annie Kraus (Piano) droen eng Auswiel vun dëse Lidder vir; d’Danielle Roster an d’Myriam Sunnen presentéieren d’Lou Koster als Komponistin, ganz besonnesch an hirem Rapport zur Poesie.

An Zesummenaarbecht mat CID | Fraen an Gender

Wo?: Centre national de littérature, Mersch

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag