Rock de Rack

Donnerstag, 29. Oktober 2020 10:00 - 17:00

D’Ziel vum Rock de Rack ass et Jonker zum Thema vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer ze sensibiliséieren. D’Editioun vun 2020, déi nach méi spezifesch ënnert dem Thema vun der Gläichstellung am Digitalen leeft, ass de 29. Oktober an de Rotonden zu Bouneweg!

All Lycéesklass – mam Accord vun hirer Direktioun – ka sech fir dësen Dag aschreiwen. Gruppen, déi net méi als ewéi 29 Schüler dierfen hunn, mussen onbedéngt begleet ginn vun engem vun hiren Enseignanten oder soss engem Begleeder deen de Lycée definéiert.

Den Accueil op der Plaz ass op ab 10 Auer,
Di éischt Sessioun vun den Atelieren ass um 11 Auer,
Déi zweet Sessioun vun de selwechten Atelieren ass fir eng aner Klass um 13:30 Auer,
De Rock de Krees (interaktiv Table-Ronde), fänkt um 15:15 Auer un an ass um 17:00 Auer fäerdeg.

De CID proposéiert e Workshop

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag