Film Screening: Les Échappées + Women Don’t Cycle

Donnerstag, 18. Januar 2024 19:00

ProVelo invitéiert op säi Filmowend Donneschdes den 18. Januar um 19h00 am Ciné Utopia, wou déi 2 Documentairen „Les Échappées“ an „Women Don’t Cycle“ gewisen ginn.

D’Entrée fir d‘Filmer ass 8 Euro an der Virbestellung an 10 Euro an der Oweskeess – d‘Event gëtt suivéiert vun engem Patt dee ProVelo offréiert.

An « Les Échappées » sinn d’Louise Roussel an d’Océane Le Pape méi wéi 200 Fraen begéint déi, Vëlo fueren, kämpfen, reesen an dofir schaffen fir d’Welt vum Vëlo, hiert Liewen an d’Liewen vun deenen déi si inspiréieren ze veränneren, an dat ob enger Vëlosreess vun iwwer 3000km.
Trailer: https://vimeo.com/ondemand/lesechappees/814155649
« Women Don’t Cycle » ass e Film doriwwer wat et heescht eng Fra ze sinn déi mam Vëlo duerch verschidde Länner ronderëm d’Welt reest. Wéi d‘Manon Bréissel a Richtung Tokyo verlooss huet huet hat seng Kamera mat dobäi an huet Ënnerwee aner Cyclistinnen begéint deenen hir Geschichten hat dokumentéiert huet.
Trailer: https://vimeo.com/884405624

Das CID ist mit einem Büchertisch vertreten.

Anmeldung über: www.provelo.lu
Wann?: Donnerstag, den 18. Januar ab 19:00Uhr
Wo? Ciné Utopia | 16 Av. de la Faiencerie, 1510 Luxembourg
Org? ProVelo

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag