D’Ried vu Richtung 22 op der Marche contre le sexisme den 8.3.2016

Well RTL an och déi aner Medien net op  d’Ried vum Naema Sinner vu Richtung 22 agaange sinn; hei ass se a voller Längt:

Merci Press! from Richtung22 on Vimeo.

Déi ganz Ried:

Et ass lo de Moment fir deenen Merci ze soen, déi all Dag souvill Verantwortung op sech huelen fir duerch hier Publikatiounen eng diskriminatiounsfräi Welt ze schafen an Stereotypen z’iwwerwannen.

Léif Press, déi dir haut hei sidd, fir ze weisen, dass et Iech net nëmmen drëm geet e puer Fotoe vun enger Veranstaltung ze maachen, ze soen wéi vill Leit do waren, an dass et d’nächst Joer nees wäert stattfannen, mee iech scho laang a fir ëmmer verflicht hutt,iech intensiv mat dem Sexismus, der Diskriminatioun an de Muechtverhältnisser tëschent de Geschlechter ze beschäftegen; Ech soen iech villmools Merci!
Villmools Merci.

Well wat wier dat fir eng Welt, an där der Press d’Ongläichheet keen Gedanken wäert wier?

– Dat wier eng Welt, an där d’Redaktiounen souwuel bei privaten, wéi bei ëffentlech-rechtlechen Sender wesentlech méi Männer wéi Fraen an de Studio aluede géifen.
– Dat wier eng Welt an där just a 4% vun den Artikelen eng Fra den Haaptsujet ass.
– Eng Welt an där d’Press et genial fënnt, wéi sech bei den Oscaren géint Diskriminatioun ausgeschwat gëtt, parallel bei de Oscarpräisträgerinnen just iwwer d’Kleeder bericht an wann et dann zum lëtzebuerger Filmpräis kennt kee Wuert doriwwer verléiert dat keng eenzeg Fra e Präis krut.
– Eng Welt an der eng sougenannten progressiv Regierung bemol manner Fraen hätt, wéi eng konservativ Regierung virdrunner.
– Eng Welt, an e Mann an de Kulturministere kennt, deen Kultur bis elo virun allem aus dem Jughurt kannt huet, dann awer seet, et dierft een bei der Besetzung vun sou Posten net op d’Geschlecht mä nëmmen op d’Kompetenz kucken.

Dat misst jo eng Welt sinn an der zwee Drëttel vun de Journalist*inne Männer wieren.
Dat wier eng Welt an der iwwer 80% vun de Chefredakteren Männer wieren.

Stellt iech fir wat a sou enger Welt méiglech wier.

Do kéint ee Leetmedium 16 Joer laang op sexistesche Motiver setzen, bei deenen deen eenzegen journalistesch Beitrag Bildbeschreiwungen wieren wéi:
„Roxane . En zockerséisst Laachen, dat verzaubert …“
„Wann d’Fouer opgeet, ass de Summer eriwwer? Net bei eis! Eis Models sinn esou hot wéi am Héichsummer! “
„Aussergewéinlech sexy. Kuckt dem Adele eng Kéier déif an d’Aen!“
(Wëllt der nach een Sproch héieren? Hei RTL, wann der iech net dofir schummt, déi op ären Internetsite ze setzen, dann bréngt der deen den Owend bestëmmt och op der Tele:)
„Sexy Chrëschtdag. Dem Oriana seng Kaddoen huet nach keen ausgepak!“
An lo stellt iech fir, dëst Leedmedium géif sech verdeedegen mat de Wierder:
Zitat Chefredakter: „Ech mengen et ass näischt illegales dobäi“ ouni sech domat Reaktiounen vun der richteger Press anzefänken.

E Gléck also, dat fir d’Press d’Veruerteelung vu Sexismus keng Meenung oder Usiicht ass,
an och keen politeschen Sujet oder e Statement vun enger komescher Organisatioun,
mä dat fir iech d’Veruerteelung vu Sexismus eng Grondviraussëtzung fir d’Journalistesch Aarbecht ass, genee sou wéi d’Veruerteelung vu Diskriminatioun opgrond vun Hautfaarf.

Sou steet dat jo och am Pressekodex, deen iech glécklecherweis sou wichteg ass.

E Gléck, dat dir genee wësst, dat dir mat ärer Aarbecht net nëmmen eng Realitéit dokumentéiert, mä och eng Realitéit schaaft.

An schlussendlech soe mer iech Merci, dat dir, léif Press, natierlech är Onofhängegkeet verdeedegt. Dat heescht natierlech als éischtes är Onofhängegkeet vis-a-vis vu Kommerz a Marché. Et wier jo wierklech extrem lächerlech, wann eng sexistesch Rubrik just dowéinst bäibehale géif ginn, well se 0,63% vun de Klicks ausmécht.

Villmools Merci.

A wann Dir fäert, enges Daags mussen an sou enger Welt ze liewen, dann ënnerschreift eis Petitioun géint RTL Sexismus op richtung22.org/pin-up-petitioun/ a schwätzt Sexismus och bei deene Leit un, déi vum Thema genervt sinn!

Diesen Artikel teilen

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag