100,7 Invitée vum Dag – Gebuertscongé

CID Fraen an Gender fuerdert 3 Méint Gebuertscongé fir déi zwee Elterendeeler

03. Abr 2023 – Isabelle Schmoetten, Invitée vum Dag um 100,7

Sollen Eltere finanziell entschiedegt ginn, wa se hir Kanner doheem versuergen? Am Moment géifen d’Meenungen iwwer e sougenannt „Elteregeld“ bei de Memberen ausernee goen, esou d’CID-Direktesch Isabelle Schmoetten. Si betount awer, de CID wéilt sech weider um Debat iwwer dat Theema bedeelegen. (Rick Mertens)

De CID Fraen an Gender fuerdert e Gebuertscongé vun dräi Méint fir béid Elterendeeler. D’Direktesch vum feministeschen Zenter seet, net just d’Mamm, déi d’Kand op d’Welt bréngt, mee déi zwee Eltere sollen direkt no der Gebuert e Congé vun dräi Méint kréien.
Manner Diskriminéierung um Aarbechtsmarché

D’Isabelle Schmoetten erkläert, datt dat de Virdeel hätt, datt d’Eltere sech vun Ufank un zesummen ëm d’Kand këmmere kënnen. An et géif och verhënneren, datt Fraen um Aarbechtsmarché diskriminéiert ginn.

„…well dann einfach kloer ass: D’Fro vun, déi Fra ass am gebärfähegen Alter, déi wëllt vläicht nach Kanner kréien, dofir stelle mer déi léiwer net an – déi Fro stellt sech net méi.“

D’Directrice vum CID Fraen an Gender seet, datt sech an der Aarbechtswelt géif bemierkbar maachen, datt een, normalerweis, zu zwee Eltere gëtt.

No den dräi Méint Gebuertscongé soll een dann nach zousätzlech den Elterecongé kënnen huelen, sou wéi een dat och elo scho ka maachen.
Keng gemeinsam Positioun zum Elteregeld

Op d’Fro ob Eltere finanziell entschiedegt solle ginn, wa se hir Kanner doheem versuergen, huet de CID Fraen an Gender keng kloer Äntwert. Am Moment géifen d’Meeungen iwwer e sougenannt „Elteregeld“ bei de Memberen ausernee goen, erkläert d’Isabelle Schmoetten.

Si betount awer, de CID Fraen an Gender wéilt sech weider um Debat iwwer dat Theema bedeelegen. Wa méi driwwer diskutéiert gëtt, kéint et och sinn awer nach zu enger gemeinsamer Positioun am CID Fraen an Gender ze kommen. D’Isabelle Schmoetten ënnersträicht, datt dëse Punkt beim Ausschaffe vun de Walfuerderunge keng Prioritéit gewiescht wier.

Lauschteren

Diesen Artikel teilen

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag