Fir d’Carte Blanche ze lauschteren, klickt hei.
An den Ae vum Claire Schadeck gëtt ze selten iwwer d’Ursaache fir dës Forme vu Gewalt – nämlech de strukturelle Sexismus – geschwat.
Den Asaz vu Gewalt ass ëmmer een Ausdrock vun Dominanz a Muechtmëssbrauch. Sief et elo an engem Konflikt tëscht 2 Persounen oder an engem Konflikt tëscht Staaten: D’Zil ass et déi géigneresch Partei mat Succès ze bekämpfen a méiglechst laang um Buedem ze halen. Am Krich verschäerfe sech elo déi Diskriminéierungen, déi mir och an Zäite vu Fridden erliewen. Dozou zielt och déi strukturell Benodeelegung vu Meedercher a Fraen. Mir liewen an engem System, deen op patriarchale Strukturen opbaut: Diskriminéierungen op Grond vum Geschlecht sinn eng Realitéit a statistesch beluecht.
Sexualiséiert Gewalt am Krich ass deemno nëmmen méiglech, well mir sexualiséiert Gewalt och a Friddenszäiten toleréieren. Laut UN Women huet eng vun dräi Frae weltwäit physesch oder sexualiséiert Gewalt erlieft. Gewalt géint Fraen a geschlechtlech Minoritéiten ass eng Mënscherechtsverletzung a keng Banalitéit.
Ee Bléck an d’Geschicht weist: Vergewaltegung war schonn ëmmer ee feste Bestanddeel vu bewaffente Konflikter. D’Kricher am Ruanda an a Bosnie waren den Ausléiser fir den Asaz vu Vergewaltegung als Krichswaff offiziell als Verbrieche géint d’Mënschlechkeet unzeerkennen. Dat war 1998. Allerdéngs gesi mir, dass och an aktuelle Kricher Frae systematesch vergewaltegt a sexuell ausgebeut ginn.
Berichter aus beispillsweis der Ukrain, dem Sudan an dem Gaza-Sträifen dokumentéieren dës Verletzunge vun de Mënscherechter. Sexualiséiert Gewalt ass deemno net spezifesch un eng Regioun gekoppelt, mee den Ausdrock vu strukturellem Sexismus. D’Tatsaach, dass och Männer vu sexualiséierter Gewalt betraff sinn, léisst sech och dorop zréckféieren. Schliisslech ass et an den Ae vun enger misogynner a patriarchaler Gesellschaft nach méi demütegend fir ee Mann, dee vergewaltegt gëtt.
Sexualiséiert Gewalt ass eng Waff, déi weder vun internationaler finanzieller Ënnerstëtzung, nach vu Waffeliwwerungen ofhängeg ass. Dës Waff ass bëlleg an effizient a gëtt gezielt agesat fir Mënschen ze verdreiwen an ethnesch Gruppen auszeläschen. Iwwer dëse Wee gëtt versicht, déi géigneresch Partei ze destabiliséieren, ze ridiculiséieren an d’Moral ze briechen. Fir mënschlech Sécherheet a sozial Gerechtegkeet ze garantéieren, geet eng limitéiert Perspektiv net duer. Den gendersensibele Bléck an der Konfliktpreventioun ass essentiel, fir all d’Mënsche viru Gewalt an Ënnerdréckung ze schützen
👩⚖️ What is Femicide? Should we criminalize it? Learn more about the criminalization of femicide at CID on the 26th September and discuss any... Weiter Lesen
DAS CID
CID | Fraen an Gender ist ein Ort für alle die sich für Feminismus, Genderthemen, Gleichheit zwischen allen Geschlechtern interessieren und sich gegen Geschlechterstereotypen aussprechen.
Autres sites web
ÖFFNUNGSZEITEN
Dienstag, Mittwoch, Freitag:
12 – 18Uhr
Donnerstag:
12h – 19h30
& Termine für Recherchen außerhalb der Öffnungszeiten
Im August und während den Weihnachtsferien ist das CID geschlossen.
© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag