Carte Blanche: Wat ass eigentlech d’Roll vun der Zivilgesellschaft?

Fir d’Carte Blanche ze lauschteren, klickt hei.

 

An dëser Carte Blanche stellt d’Claire Schadeck vum CID | Fraen an Gender d’Fro no der Roll vun der Zivilgesellschaft a firwat et een Ënnerscheed mécht, wann d’Zivilgesellschaft beim Ausschaffe vu politesche Mesure mat u Bord geholl gëtt.

Aktuell liewe ronn 46% vun der Weltbevëlkerung an enger Demokratie. Am Verglach zu 2020 ass dat ee Réckschrëtt vu knapp 4%. An iwwer een Drëttel vun de Mënsche liewen an enger Diktatur.

D’Zivilgesellschaft kann dësen Tendenzen entgéintwierken andeem si als Korrektiv, als Schutzmechanismus an och als Innovatiounsmotor fir demokratesch Wäerter an Institutiounen agéiert.

  • Duerch eng transparent a konstruktiv Sensibiliséierungsaarbecht, kënnen zivilgesellschaftlech Acteuren demokratiefeindlech Stréimungen entlarven an op d’Geforen opmierksam maachen, déi vun hinnen ausginn. Politesch Bildungsaarbescht ass ee Wee fir kritescht Denken an enger Gesellschaft ze fërderen an ze mobiliséieren.
  • Autoritär Stréimunge riichten sech an der Reegel géint besonnesch vulnerabel a marginaliséiert Gruppen. Doduerch dass zivilgesellschaftlech Organisatiounen oft direkt um Terrain schaffen an am enke Kontakt mat hirer Zilgrupp stinn, kënne si Betraffener ënnerstëtzen, Schutz ubidden an zäitno op diskriminéierend an demokratiefeindlech Inhalter reagéieren.
  • Demokratiefeindlechkeet ass een transnationaalt Phänomen an dowéinst ass eng international Vernetzung an Zesummenaarbecht essentiel fir hier entgéintzewierken. Och hei spillt d’Zivilgesellschaft eng wichteg Roll an der Stäerkung vun internationale Bündnisser, déi sech fir den Erhalt vu Mënscherechtsstandards engagéieren. An dësem Kontext erënnert si, wéi wichteg et ass dass Politicke souwuel um nationalen, wéi och um internationale Plang kohärent musse sinn.

D’Roll vun der Zivilgesellschaft ass et kritesch op dat ze kucken, wat duerch politesch Acteuren decidéiert gëtt. Si dréit eng Verantwortung fir d’Regierung un hir Verflichtungen ze erënneren, déi si am Kader vun internationale Resolutiounen a nationale Koalitiounsverhandlunge getraff huet.

An trotzdeem: D’Zivilgesellschaft ass net aus Prinzip géint d’Regierung. Si vertrëtt allerdéngs an der Reegel aner Interesse wéi d’Politik a verfollegt keng strategesch Muechtinteressen. D’Zivilgesellschaft setzt aner Prioritéiten, déi net u parteipolitesch Präferenze gebonne sinn.

Dofir ass et essenziell, dass staatlech konventionéiert Veräiner net als verlängerten Aarm vu Ministèren oder Gemenge falsch verstane ginn. Parteipolitesch onofhängeg sinn, heescht net, dass Veräiner sech net politesch äusseren dierfen, respektiv sollten. Et läit an hirer Verantwortung mat kriteschem Bléck op d’Aarbecht vun de politesche Responsabelen ze kucken a konstruktiv do Kritik ze äusseren, wou se berechtegt ass.

Sech zivilgesellschaftlech engagéieren heescht Verantwortung fir sech a fir de Recht vun der Gesellschaft ze iwwerhuelen. Eng aktiv Zivilgesellschaft erméiglecht eng lieweg Demokratie, schützt viru kuerzsichtege Politicken a fërdert ee kriteschen Discours. A genau dat brauche mir an Zäite vun antidemokrateschen a rietspopulistesche Beweegungen, déi ausgrenzen an diskriminéieren.

Diesen Artikel teilen

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag