Fir d’Carte Blanche ze lauschteren, klickt hei.
An dëser Carte Blanche diskutéiert d’Claire Schadeck vum CID|Fraen an Gender um Beispill vun der Ofdreiwung, wéi wichteg fräiwëllegt Engagement fir gesellschaftlech Verännerunge sinn.
Ronn 20 Millioune Frae kënnen an der Europäescher Unioun net sécher a legal ofdreiwen. Polen a Malta si mat hirer regressiver Politik vir bäi: Hei ass Ofdreiwung nëmme bei sexualiséierter Gewalt, Inzest oder Liewensgefor fir déi schwanger Fra erlaabt.
Hei kënnt „My Voice, My Choice“ an d’Spill. Dës Campagne gouf virun dräi Joer vun der Aktivistin Nika Kovač an d’Liewe geruff, fir d’Selbtsbestëmmungsrecht vun de Fraen op europäeschem Niveau ze schützen. Iwwer de Mechanismus vun der „European Citizens‘ Initiative“ huet sech d’Ekipp hannert „My Voice, My Choice” mat dëser Fuerderung un d’EU-Kommissioun geriicht: een europäescht Finanzéierungsinstrument, dat et Fraen aus EU-Länner, déi Schwangerschaftsofbréch verbidden a kriminaliséieren, erméiglecht an engem aneren EU-Land legal ofzedreiwen. Dräi Joer laang hu Fräiwëlleger onermiddlech op globalem Niveau no Ënnerstëtzung gesicht. Och zu Lëtzebuerg goufe feministesch Netzwierker aktivéiert, fir déi néideg Ënnerschrëften ze sammelen. Weltwäit hunn iwwer 1,2 Millioune Mënschen d’Initiativ ënnerschriwwen. An et huet geklappt, de néidege Seuil gouf erreecht. D’Kommissioun huet misse reagéieren.
De 26. Februar 2026 war et esou wäit, een Dag fir d‘Geschichtsbicher. No dem Europäesche Parlament, huet elo och déi Europäesch Kommissioun gréng Luucht ginn, fir den Zougang zu sécherer Ofdreiwung op europäeschem Terrain ze garantéieren. Konkret heescht dat: EU-Ressource kënne fir d’Gesondheetsversuergung vun de Betraffenen zur Verfügung gestallt ginn an decken, wann néideg, Reeskäschten of. Dat ass ganz besonnesch an deene Fäll relevant, wou d’Liewe vun de Fraen a Gefor ass an dréngend gehandelt muss ginn.
Dëse Schrëtt ass dowéinst esou bedeitend, well mir an enger Zäit liewen, wou weltwäit antifeministesch an antidemokratesch Beweegungen Uklang fannen, déi Fraerechter an d’Recht op Selbstbestëmmung konsequent a Fro stellen. Hei huet eng aktivistesch Beweegung gewisen, wéi konstruktiv zivilgesellschaftlecht Engagement ka sinn. Dass Bottom-Up-Initiativen historesch Friichten droe kënnen an dass sech demokratesch Participatioun lount.
Och hei zu Lëtzebuerg kucke mir haut op eng historesch Verännerung. Eis Verfassung gëtt ugepasst: De sécheren Zougang zu Ofdreiwung wäert verfassungsrechtlech garantéiert ginn. Jorelaang hu feministesch Aktivistinnen sech dofir agesat, déi Lénk hunn ee Virschlag fir eng Verfassungsännerung ausgeschafft an den 3. Mäerz huet d’Chamber zougestëmmt.
An och wann dëse wichtege Schrëtt op d’Zesummeschaffen tëscht der Politik an der Zivilgesellschaft zréckzeféieren ass, weist en: eng Fuerderung, déi aus der Zivillgesellschaft kënnt, huet missen vun politeschen Verbündeten opgegraff ginn, fir schlussendlech ëmgesat ze ginn.
Sech feministesch engagéieren heescht och mat vill Widderstand, Onverständnis an Haass konfrontéiert ze sinn. Konstant géint Mechanismen unzekämpfen, déi richteg gutt vernetzt a finanzéiert sinn, fuerdert eraus a frustréiert. An trotzdeem gesi mir all Dag, wéi Fräiwëlleger hiert Privatliewen an den Hannergrond stelle fir sech gesellschaftlech ze engagéieren. Fir d’Welt e bësse besser ze maachen. Mee demokratesch Verantwortung kann net eleng vun hire Schëllere gedroen dinn. Zivilgesellschaftlecht Engagement brauch Réckhalt an déi néideg politesch a staatlech Ënnerstëtzung fir gesellschaftlech Verännerung ze bewierken.
My Voice, My Choice ass ee groussen Erfolleg, deen inspiréiert an dee weist: a wann de Widderstand nach esou grouss ass, et lount sech.
Temps de trajet et travail invisible Lecture, témoignage et échange Temps de trajet – Routes, frontières et heures disparues aux marges du travail au... Weiter Lesen
CID | Fraen an Gender ist ein Ort für alle die sich für Feminismus, Genderthemen, Gleichheit zwischen allen Geschlechtern interessieren und sich gegen Geschlechterstereotypen aussprechen.
Autres sites web
ÖFFNUNGSZEITEN
Dienstag, Mittwoch, Freitag:
12:00 – 18:00 Uhr
Donnerstag:
12:00 – 19:30 Uhr
Samstag:
09:00 – 14:00 Uhr
& Termine für Recherchen außerhalb der Öffnungszeiten
Im August und während den Weihnachtsferien ist das CID geschlossen.
© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag