Wat Rentenongläichheet betrëfft ass Lëtzebuerg mat engem „Pension Gap“ vu 36 Prozent op där drëttleschter Plaz. Domat kënne mir eis net bretzen, fënnt d’Isabelle Schmoetten vum CID Fraen an Gender a fuerdert vun der Politik eng feministesch Pensiounsreform.
E Pensiounssystem ass feministesch, wann en déi strukturell Benodeelegungen, deene Frae wärend hirer Karriär ausgesat sinn, ausgläicht a wann en Altersaarmut verhënnert. Et kéint een och einfach vun engem gerechte Pensiounssystem schwätzen.
Dovun si mir aktuell wäit fort: D’Pensioune vun de Frae leie 36% ënnert deene vun de Männer, si bezéien och däitlech méi heefeg d’Mindestrent wéi d’Männer a si méi staark vun Altersaarmut betraff.
Wisou dat esou ass?
Den Duerchschnëttsjoresgehalt vun de Frae läit zu Lëtzebuerg ronn 14 Prozent ënnert deene vun de Männer. Ween manner verdéngt huet kritt och manner an der Pensioun. A wisou verdéngen d’Frae manner?
Well se opgrond vun dem sougenannten gliesene Plaffong manner oft op héije Positioune schaffen a well se iwwerduerchschnëttlech a manner gutt bezuelten Jobs schaffen. Ausserdeem schaffen se méi heefeg an Deelzäit opgrond vu familiäre Verflichtungen an dëst opgrond vu stereotyppe Rollevirstellungen, déi dës Verantwortung an éischter Linn de Fraen iwwerdréit. Bal en Drëttel vun de Frae schafft an Deelzäit, bei de Männer sinn et just 8%. Hei schwätze mer och nach vum „Gender Care Gap“. D’Care Aarbecht gëtt vun eisem Wirtschaftssystem awer net als Aarbecht unerkannt, wann se am Private statt fënnt. Et also falsch ze soen d’Fraen hätte mei kleng Pensioune well se manner geschafft hunn, si hunn anescht geschafft an hir Aarbecht gëtt net anstänneg unerkannt an dem aktuelle System.
Et ass verlackend dës Situatioun wëllen ze individualiséieren an ze soen, dass dat jo awer alles individuell Entscheedunge sinn. Dës scheinbar individuell Entscheedunge gi staark duerch eise System gepräägt an entspriechen eise gesellschaftleche Strukturen. Dofir muss d’Situatioun och strukturell gekuckt ginn an d’Verantwortung gesamtgesellschaftlech gesinn a net op den Eenzelnen iwwerdroe ginn. Et ass net d’Schold vun de Fraen, dass hir Pensioun méi kleng ass wéi déi vun de Männer, et ass d’Schold vum System. An dofir ass Altersaarmut bei Fraen och kee private Problem, mee e politeschen. An dowéinst ass et un der Politik déi bestoend Benodeelegungen net weider ze reproduzéieren oder souguer ze verschäerfen, mee fir se auszegläichen. An domat mengen ech net, dass et de Familljen nach méi schwéier gemaach gëtt sech selwer ëm hir Kanner, déi eeler Leit oder hiren Haushalt ze këmmeren.
Ech mengen zum Beispill d’Unerkennung an déi finanziell Opwäertung vu Care Aarbecht. D’Erhéijung vun der Mindestrent. Eng besser Ofsécherung vu Mënschen, déi an Deelzäit schaffen. Eng Individualiséierung vu Rentenuspréch. Eng besser Opklärung a reegelméisseg Informatiounen zu den eegene Pensiounsrechter.
Et bleift ze hoffen, dass d’Reformbeméiungen vun där aktueller Regierung d’Reegele vum Gender Mainstreaming berécksiichtegen. E feministesche Pensiounssystem ass kee Luxus, mee noutwenneg fir eng gerecht Gesellschaft.
[Fr] Lesungen/Readings/Lectures @ Cid|Y 📚 CID’s offer for the little ones🧸 This Saturday, our wonderful colleagues Caroline and Claire will be the readers and... Weiter Lesen
CID | Fraen an Gender ist ein Ort für alle die sich für Feminismus, Genderthemen, Gleichheit zwischen allen Geschlechtern interessieren und sich gegen Geschlechterstereotypen aussprechen.
Autres sites web
ÖFFNUNGSZEITEN
Dienstag, Mittwoch, Freitag:
12:00 – 18:00 Uhr
Donnerstag:
12:00 – 19:30 Uhr
Samstag:
09:00 – 14:00 Uhr
& Termine für Recherchen außerhalb der Öffnungszeiten
Im August und während den Weihnachtsferien ist das CID geschlossen.
© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag