Firwat gehéiert d’Recht op e Schwangerschaftsofbroch an d’Konstitutioun?

_FeaturedSchwangerschaftsabbruch in LuxemburgNewsKommentare deaktiviert für Firwat gehéiert d’Recht op e Schwangerschaftsofbroch an d’Konstitutioun?

Campagne: Schwangerschaftsofbroch an d’Verfassung! 

Am Mee 2024 huet de Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk, eng Propose fir eng Verfassungsännerung deposéiert. Zentrale Punkt vun der Propose ass d’Aschreiwung vum Recht op e Schwangerschaftsofbroch an der Konstitutioun. Domat huet hien eng laangjäreg Fuerderung vu feministeschen Organisatiounen opgegraff. 

Esou wéi de Planning Familial, d’Mënscherechtskommissioun, den CNFL a ganz rezent och de Staatsrot, huet de CID | Fraen an Gender e positiven Avis fir dës proposéiert Verfassungsreform formuléiert. 

Fir dass aus dëser Propose Realitéit gëtt, musse bei zwee konsekutive Votten an der Chamber méi wéi 40 Deputéiert DOFIR stëmmen. 

Dës Campagne soll weisen, wéi eng Politiker*innen, Aktivist*innen, Memberen aus der Zivilgesellschaft an och einfach Bierger*innen d’Verankerung vum Recht op Ofdreiwung an der Verfassung ënnerstëtzen an aus wéi enge Grënn si dat maachen. 

Jiddereen*t ka sech eiser Campagne uschléissen. Ergänzt ee vun de follgende Sätz oder formuléiert Ären eegenen a schéckt en un: info@cid-fg.lu 

D’Recht op e Schwangerschaftsofbroch gehéiert an d’Konstitutioun, well… 

Oder 

Ech si fir d’Aschreiwung vum Recht op kierperlech Selbstbestëmmung an d’Konstitutioun, well … 

 

Zitater: 

Je veux que le droit à l’avortement soit inscrit dans la Constitution car en tant que présidente du Planning Familial, je refuse que les droits des femmes soient soumis aux aléas idéologiques — ils doivent être inaliénables, intouchables, et gravés dans le marbre de notre démocratie. Fatima Rougi, Présidente du Planning Familial Luxembourg 

D’Recht op e Schwangerschaftsofbroch gehéiert an d’Konstitutioun, well d’Recht vu Fraen op kierperlech Selbstbestëmmung muss och an der Zukunft garantéiert sinn. Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, Verdeedegungsministesch, Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten 

D’Recht op e Schwangerschaftsofbroch gehéiert an d’Konstitutioun, well mer alles musse maachen, fir de Fraen hiert Recht op Selbstbestëmmung iwwer hire Kierper an hiert Liewen ze garantéieren an ze verdeedegen. Corinne Cahen, Deputéiert, DP 

Ech si fir d’Aschreiwung vum Recht op kierperlech Selbstbestëmmung an d’Konstitutioun, well et net dem Zoufall oder engem politesche Klima iwwerlooss däerf sinn, ob Fraen iwwer hire Kierper bestëmme kënnen. D’Verankerung vum Recht op Schwangerschaftsofbroch an der Verfassung ass e staarkt Zeeche géint fraefeindlech Beweegungen a schützt eis besser als Gesellschaft. Kierperlech Selbstbestëmmung ass e Mënscherecht – a Mënscherechter gehéieren an d’Konstitutioun! Sam Tanson, Deputéiert, déi gréng 

I was born in a far-left dictatorship where contraceptives and abortion were illegal. No political movement is exempt from violence against its citizens. That’s why I find it essential to enshrine the right to abortion into the constitution: to make sure neither our nor future generations will be stripped of this fundamental right. Larisa Faber, writer and actor 

D’Recht op eng Ofdreiwung gehéiert an d’Konstitutioun, well déi Persounen, déi d’Muecht hunn e mënschlecht Wiesen an eis wuessen ze loossen, och entscheede wei, ob a wéini mer dat maache wëllen. Magali Paulus, Aktivistin 

Ech si fir d’Aschreiwung vum Recht op kierperlech Selbstbestëmmung an d‘ Konstitutioun, well all Fra soll d‘Fräiheet hunn, eegen Entscheedungen iwwer hire Kierper an hier Liewensplanung ze treffen. Joëlle Letsch, entrepreneuse et activiste pour les droits des femmes, Vice-Présidente du Conseil national des femmes 

Ech si fir d‘Aschreiwung vum Recht op kierperlech Selbstbestëmmung an d’Konstitutioun, well et fir mech e fundamentaalt Recht ass, dat géint all Attacke vu Rietsextremisten a Verteideger vum Patriarchat geschützt muss ginn. Marc Angel, LSAP-Europadeputéierten 

Ech si fir d’Aschreiwung vum Recht op kierperlech Selbstbestëmmung an d‘ Konstitutioun, well den Artikel 12 d’individuell Fräiheete schützt an di kierperlech Selbstbestëmmung eng Grondviraussetzung fir d’Jouissance vun deem Recht ass. Sandra Laborier, Chargée de Direction, Rainbow Center 

D’Recht op e Schwangerschaftsofbroch gehéiert an d’Konstitutioun fir, dass kee politesche Réckschrëtt eist Selbstbestëmmungsrecht a Fro stelle kann. D’Rechter vun de Frae musse geschützt ginn, fir eis, fir déi dono. Milena Steinmetzer, Secrétaire centrale, OGBL Equality 

D’Recht op e Schwangerschaftsofbroch gehéiert an d’Konstitutioun, well ech a menger Aarbecht gesin, wéi vulnérabel d’Rechter vun de Frae kënne sinn. Och an Europa ginn dës Rechter zeréckgeschrauft. Dat däerf eis net egal sinn. Et kann net sinn, datt esou eng entscheedend Fro nach ëmmer als moralesch oder kulturell Diskussioun gefouert gëtt. Hei geet et ëm e fundamentaalt Recht. Punkt. A sou e Recht däerf net vum Wëlle vun enger Regierung oder Majoritéit ofhänken. Jessica Lopes, Militante à l’ASTI 

D’Recht op kierperlech Selbstbestëmmung sollan der Verfassung verankert ginn, fir dass Fraen och an Zukunft sécher an onageschränkt iwwer hiren eegene Kierper kënnen decidéieren. Barbara Agostino, Deputéiert, DP 

Ech si fir d’Aschreiwung vum Recht op kierperlech Selbstbestëmmung an d‘ Konstitutioun, well et ëm d’Fräiheet vum Eenzele geet. Mandy Minella, Deputéiert, DP 

Ech si fir d’Aschreiwung vum Recht op kierperlech Selbstbestëmmung an d‘ Konstitutioun, well Fraerechter a Fraen iwwert Joerhonnerten ënnerdréckt gi sinn a fir se an der Zukunft ze schützen.  Gilbert Pregno, Mënscherechtler, Psycholog 

D’Recht op e Schwangerschaftsofbroch gehéiert an d’Konstitutioun, well d’internationaalt politescht Klima weist, dass dëst fundamentaalt Recht muss verteidegt ginn. Nora Back, Presidentin OGBL a Chambre des Salarié.e.s 

Ech si fir d’Aschreiwung vum Recht op kierperlech Selbstbestëmmung an d‘Konstitutioun, well d’Prinzip vun der kierperlecher a sexueller Selbstbestëmmung ee vun de gréisste feministeschen Acquis ass den eng Gesellschaft erlaange kann. Et ass ee Garant datt de Staat d’reproduktiv Rechter an d’sexuell Gesondheet vun de Mënschen unerkennt an seng Matbierger*innen géint retrograd a faschistesch Attacke schützt. Enrica Pianaro, feministesch Soziologin 

D’Recht op eng Ofdreiwung gehéiert an d’Konstitutioun, well kierperlech Selbstbestëmmung e fundamentaalt an incontestabelt Recht ass. Dr. Sandy Artuso, queerfeministesch Fuerscherin   

D’Recht op e Schwangerschaftsofbroch gehéiert an eis Konstitutioun, well 1 politesche Wiessel duergoe kann, fir, dass dëst Recht a Fro gestallt ka ginn! Der Fra hiert Recht zur Selbstbestëmmung iwwer hire Kierper ass e fundamentaalt Recht a muss dofir an der Verfassung verankert ginn. Maxime Miltgen, Présidente des Femmes Socialistes et Vice-Présidente du LSAP 

D’Recht op e Schwangerschaftsofbroch gehéiert an d’Konstitutioun, well sécher ass sécher! Natalie Morgenthaler, CSV Deputéiert, CNFL Presidentin a Chancëgläichheets- an Diversitéitsschäffin an der Gemeng Suessem 

D’Recht op eng Ofdreiwung gehéiert an d’Konstitutioun, well e Schwangerschaftsofbroch ass eng Fro vu Santé publique, als Gesellschaft musse mär jidder Fra e securiséierten Accès zur Ofdreiwung garantéieren. Taina Bofferding, Deputéiert, LSAP 

D’Recht op e Schwangerschaftsofbroch gehéiert an d’Konstitutioun, well keng Fra däerf zu enger Schwangerschaft oder Gebuert kënne gezwonge ginn. Isabelle Schmoetten, Cargée de Direction, CID | Fraen an Gender 

D’Recht op e Schwangerschaftsofbroch gehéiert an d’Verfassung, well et e Grondrecht muss sinn, eegestänneg iwwer säi Kierper entscheeden ze kënnen. Marc Baum, Deputéierten, déi Lénk 

Ech si fir d’Aschreiwung vum Recht op kierperlech Selbstbestëmmung an d’Konstitutioun, well, trotz der rezenter staarker Verbesserung duerch d’Gesondheetsministesch mat dem Ofschafe vum délai de réflexion beim Avortement an zum Beispill der Deklaratioun vun der Stad Lëtzebuerg als LGBTQI+ Freedom Zone, et immens wichteg ass, d’Rechter vun all Fra op Ofdreiwung, respektiv vun all Mënsch op seng sexuell Orientatioun, also autonom Entscheedungen déi hiren eegene Kierper a hir perséinlech Liewensgestaltung betreffen, nach méi staark ze garantéieren an esou eis inklusiv an oppe Gesellschaft viru mei oder manner gewollte politesche Changementer ze schützen. Maurice Bauer, CSV Deputéierten, 1. Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg 

Le corps d’une femme n’appartient qu’à elle; il n’est ni à utiliser, ni à prêter, ni à soumettre. Elle seule décide si, quand et comment elle assumera la responsabilité et l’immense don de soi de créer et de donner la vie. L’intégrité physique et l’autonomie personnelle ne sont pas négociables, c’est inscrit dans la convention européenne des droits humains. Diane Elsen, IG Womanhood Luxembourg 

D’Recht op e Schwangerschaftsofbroch gehéiert an d’Konstitutioun, well d’Fraen d’Recht hunn selwer iwwer hiren eegene Kierper ze decidéiren/bestëmmen. Dan Biancalana, Députéierten, LSAP 

D’Recht op e Schwangerschaftsofbroch gehéiert an d’Konstitutioun, well Fraerechter si Mënscherechter! Mir musse garantéieren dass e Schwangerschaftsofbroch sécher an an engem gereegelten a medezinesche Kader ka stattfannen, onofhängeg vun de Politiker.innen di grad Soen hunn. Tilly Metz, Europadeputéiert, déi gréng 

Fraerechter si Grondrechter! A besonnesch an Zäiten wou dës ëmmer rëm a Fro gestallt ginn, gehéieren se an eis Verfassung!“ Djuna Bernard, Députée et conseillère communale de la commune de Mamer 

 

 

 

 

 

 

 

Diesen Artikel teilen

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag