Fräie Mikro D’Corona-Kris – e Bléck duerch den Gender-Brëll

D’Isabelle vum CID mécht net nëmmen eng Analyse, mee stellt och ganz konkret Fuerderungen!

Fräie Mikro

D’Corona-Kris – e Bléck duerch den Gender-Brëll

Gender wier eng wichteg Kategorie, déi eis géif hëllefe komplex Situatioune besser ze verstoen an ze analyséieren, fënnt d’Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender. Dëst géif, am beschte Fall, erméiglechen gesellschaftlech Schiflagen auszegläichen. An hirem Fräie Mikro geheit si duerch de Gender-Brëll e Bléck op d’Corona-Kris.

 Isabelle Schmoetten

lauschteren

Net schonn erëm Gender – hu mir da keng méi wichteg Problemer den Ament? Soubal een de Bléck op Geschlechteraspekter lenke wëllt, héiert ee gewéinlech dës rhetoresch Fro, déi supposéiert, datt Gender just e Sujet fir iwwerflësseg Fuerschung am Elfebeentuerm ass an näischt mat de reale Problemer vun dëser Welt ze dinn huet.

Déi aktuell Kris beweist menger Meenung no – op en neits – de Contraire. Duerch d’Corona-Pandemie gëtt weltwäit sicht- a spierbar, datt schlecht bezuelten an typesch weiblech Beruffer grad esou wéi déi ganz Care-Aarbecht doheem, absolutt systemrelevant Aarbechte sinn.

Fale mir zeréck an d’50er, wat eis Rolleverdeelung ugeet?

Déi Persounen, déi elo masseweis Congé extraordinaire huele musse fir sech ëm hir Kanner ze këmmeren, well Schoulen, Crèchen a Maisons relais zougemaach goufen, si virun allem Fraen. Wisou? Entweder well si elengerzéiend sinn a kee Choix hunn, oder well d’Koppel decidéiert, datt Fraen dëse Congé méi liicht accordéiert kréie wéi Männer. Dës Frae musse sech elo zum Deel unhéieren, datt si hir Ekippen am Stach loossen. An och op hir weider Karriär wäert dat munchmol en Afloss hunn.

A wie këmmert sech an heteronormative Famillen, wou d’Elteren elo béid Télétravail maachen, parallel och nach ëm d’Care-Aarbecht? Eppes ass kloer, et ass onméiglech Vollzäit Télétravail ze schaffen a sech gläichzäiteg ëm Kanner an ëm den Haushalt ze këmmeren. Dat ass e weidere Vollzäitjob.

Féieren déi aktuell Mesuren also wierklech zu enger Entschleunegung fir jiddwereen, deen doheem muss bleiwen oder fale mir zeréck an d’50er, wat eis Rolleverdeelung ugeet?

D’Caissièren an de Supermarchéen, d’Botzfraen an de Spideeler an d’Aides soignantes vun de mobille Fleegedéngschter an an den Altersheemer gehéieren zu de Superheldinne vun der aktueller Stonn. Dës Beruffer si net nëmme schlecht bezuelt mee ginn an der Reegel och net valoriséiert. Zu Onrecht, wéi déi aktuell Situatioun däitlech virun Ae féiert. Mat Dankbarkeet a Respekt geet et awer net duer.

Konkret Mesuren no dëser Kris ëmsetzen

Dës dräi Beispiller hunn en direkten Zesummenhang mat Geschlechterongläichheet. Fir dës auszegläiche wiere konkret Mesurë fir no dëser Kris ëmzesetzen ënner anerem déi folgend:

  • E Steiersystem, dee Räichtum ëmverdeelt fir eis liewenswichteg medezinesch a sozial Infrastrukturen ze stäerken.
  • D’Erhéijung vum Netto Mindestloun iwwer der nationaler Armutsgrenz.
  • Familljen- an Aarbechtspolitesch Mesuren, déi eng fair Verdeelung vun der onbezuelter Care-Aarbecht erméiglechen, wéi zum Beispill d’Reduzéierung vun der Wochenaarbechtszäit bei gläichem Loun.
  • An déi gesellschaftlech, sozial a finanziell Unerkennung vun den am Moment niddreg bezuelten Aarbechterinnen an Aarbechter am Déngschtleeschtungsberäich, wéi Botzpersonal, Fleegepersonal, Personal an der Vente, am Transport vu Wueren an der Horesca.

D’Schafung vun enger sozial gerechter Gesellschaft geet awer wäit iwwer politesch Mesuren eraus. Déi gréisst Verännerung muss an eise Käpp stattfannen. Den Gender-Brëll ass dobäi e wichtegt Hëllefsinstrument.

Diesen Artikel teilen

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag