Fräie Mikro „Endo…wat?“

Fräie Mikro vum Isabelle Schmoetten um Radio 100,7 vum 30. März, Weltdag vun der Endometrios

Endo…wat?

 

 

 

Lauschteren

 

 

„Endo…wat?“ duecht ech, wou ech fir d’éischt vun Endometrios héieren hunn. Hanner deem Numm verstoppt sech eng chronesch Krankheet, déi ënner anerem zu Kysten an Entzündungen un den Eeërstäck, um Bauchfell oder um Daarm féiere kënnen.

Déi sougenannt Endometrioshäerder si Geweebe, déi der Gebärmutterschläimhaut gläichen an hormon- an zyklusbedéngt wuessen an och bludde kënnen.

Endometrios gëllt als guttaarteg Erkrankung, kann awer metastaséieren an duerch Verwuessungen a Vernarbunge bleiwend a schwéier Schied un Organer verursaachen. D’Ursaachen an d’Funktionéiere vun der Krankheet si leider bis ewell nach ëmmer net gekläert. Dofir gëtt et och keng Heelung vun Endometrios.

All 10. Fra ass betraff

Ongeféier 10 Prozent vun de Fraen si vun Endometrios betraff. Dat ass all 10. Fra. Dovunner wëssen der vill net, datt si betraff sinn. Entweder, well si keng oder kaum Symptomer hunn, oder well se ni eng richteg Diagnos kruten.

Am Duerchschnëtt dauert et siwe Joer, bis betraffe Persoune mat Symptomer diagnostizéiert ginn.

Och Trans-, intergeschlechtlech a net-binär Persoune kënnen ënner Endometrios leiden. Si hunn et nach méi schwéier eng richteg Diagnos an déi passend Hëllef ze kréien.

E kierperlechen, mee och e psycheschen Impakt

Persoune mat Endometrios hunn dacks staark Bluddungen a vill Péng wärend der Reegel – sou vill, datt si net kënne schaffe goen an net um gesellschaftleche Liewen deelhuele kënnen.

Weider heefeg Symptomer si chronesch Middegkeet, Autoimmunkrankheeten, Problemer mat der Verdauung a Péng beim Geschlechtsverkéier.

Doriwwer eraus ass bei all zweeter Fra, déi ongewollt net schwanger ka ginn, d’Ursaach Endometrios. Net verwonnerlech also, datt Endometrios dacks och en negativen Impakt op déi psychesch Gesondheet huet.

Mëttlerweil ass gewosst, datt Endometrios eng systemesch a keng reng gynekologesch Krankheet ass, an dofir interdisziplinär behandelt gi muss. An der Praxis ass dat zu Lëtzebuerg menges Wëssens leider nach net ukomm.

Mam Tabu brieche fir gendersensibel Medezin ze fërderen

Wann dës Krankheet sou heefeg ass an deelweis esou schwéier Konsequenze fir déi Betraffen huet, wéi kann et da sinn, datt vill Leit nach ni eppes dovun héieren hunn?

Wisou leiden nach ëmmer esou vill Meedercher a Fraen all Mount wärend hiren Deeg a kréie gesot, dat géif eben zum Fra-sinn dozou gehéieren, dat wier normal?

Wisou huelen nach ëmmer esou vill Dokteschen an Dokteren hir Patientinnen net eescht, wann se versichen hir Symptomer ze beschreiwen?

Vill Expert*innen si sech eens, datt Krankheeten, déi virun allem Frae betreffen, systematesch méi lues erkannt a méi schlecht behandelt ginn, well d’Medezin joerhonnertelaang u Männer orientéiert war. Gendersensibel Medezin ass nach ëmmer e ganz jonkt an onbekannt Fach.

Et ass nach net laang a virun allem nach net iwwerall, datt Endometrios an der Medezin als komplex Krankheet mat schwéieren a geféierleche Konsequenzen ugesi gëtt.

Austausch mat Betraffenen

Dofir ass et wichteg, datt Betraffener sech trauen den Tabu ze briechen an iwwer hir Krankheet an d’Konsequenzen ze schwätzen. Deene ville Selbsthëllefinitiativen ass et ze verdanken, datt de Status Quo sech lues a lues ännert.

Den 30. Mäerz ass en Austauschtreffen fir Betraffener vun Endometrios. Den 10. Mee gëtt eng Konferenz fir de Grand public organiséiert, wou Expert*innen iwwer d’Ursaachen, Symptomer a Behandlungsméiglechkeeten opklären.

Informatiounen fir déi zwou Veranstaltungen fënnt een op endo.vdl.lu


Diesen Artikel teilen

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag