Zanter Ufank Mee gëtt et en neie Poopst. D’Octave ass voll am gaang an d’Sprangpressessioun steet och scho rëm virun der Dier. Relioun präägt eis Traditiounen, eis Fester, eis Feierdeeg, och wa ronn 80% vun de Leit zu Lëtzebuerg uginn, dass Relioun keng grouss Bedeitung an hirem Liewe spillt. Wisou eng feministesch Perspektiv op d’Kierch an op d’Weltreliounen sech lount, domat befaasst d’Isabelle Schmoetten sech an hirem Fräie Mikro.
Wann e kuckt wéi d’Kierch d’Frae kategoresch vu Muechtpositiounen ausschléisst, wéi d’Kierch sech géint d’Rechter vun LGBTIQA+ Persoune stellt, wéi se Sexualitéit tabuiséiert a wéi d’Sprooch an d’Symbolik ronderëm Gott a Glawe männlech gepräägt sinn, schéngt et op der Hand ze leien, dass Kierch a Feminismus méi widderspréchlech net kéinte sinn.
Och vum neie Poopst gëtt sech net erwaart, dass hien Sujete wéi Zölibat oder Fraen als Paschtouesch ugoe wäert. Fridden op der Welt wier méi wichteg wéi Gläichberechtegung. Dës Haltung ignoréiert allerdéngs dass nohaltege Fridden ouni sozial Gerechtegkeet – an dozou gehéiert och Gendergläichstellung – net méiglech ass.
De Vatikan finanzéiert net nëmme massiv antifeministesch Beweegungen, säin Discours géint sexuell Selbstbestëmmung, géint Gender Studies, géint Homosexualitéit, géint d’Recht op Ofdreiwung a géint alternativ Familljeforme beaflosst weltwäit Politik a Bevëlkerungsastellungen an ass esou e grousst Hindernis fir eng oppen, divers a gläichberechtegt Gesellschaft.
An dat trëfft natierlech net nëmmen op d’Chrëschtentum zou. Relioune gi weltwäit mëssbraucht fir Fraen a geschlechtlech wéi och sexuell Minoritéiten ze kontrolléieren an ze sanktionéieren.
Wann een awer gläichzäiteg gesäit, wéi vill feministesch Theolog*innen sech an all de Weltreliounen engagéiere fir patriarchal Strukturen a Fro ze stellen an opzebriechen, wann een sech mat widderstännege Fraefiguren an der Bibel an anere reliéisen Texter befaasst, wann e kuckt wéi Glawe feministeschen Aktivismus verdéiwen a motivéiere kann a wann e realiséiert, dass Beweegunge wéi Maria 2.0 an Däitschland oder privat Initiativen Gendergerechtegkeet an der Kierch fuerderen a liewen, da schéngt et duerchaus eng Berechtegung wann net souguer eng Noutwennegkeet ze gi, Feminismus a Relioun zesummen ze denken.
Feministesch Theolog*innen schaffen oft intersektional a stinn am Dialog mat queerer, postkolonialer an ekologescher Theologie. Déi feministesch Perspektiv an der Theologie mécht u sech dat selwecht wéi de feministesche Bléck op d’Gesellschaft: se entlarvt ongerecht Strukturen a Muechtmëssbrauch, déi als vermeintlech natierlech oder neutral gelabelt ginn a weist, dass se verännerbar sinn. Feministesch Theolog*innen analyséieren an decken op, wou Relioun a Glawen eréischt am Laf vun der Geschicht patriarchal interpretéiert an instrumentaliséiert gi sinn an dass a reliéise Schrëfte vill méi modern Gedanke stiechen wéi e menge kéint.
Feministescht Zil ass ëmmer eng solidaresch, sozial gerecht an inklusiv Gesellschaft. Zil vun de Weltreliounen ass net vill anescht: e friddlecht Zesummeliewe vun alle Mënsche gepräägt duerch Nächsteléift.
Ob mir wëllen oder net: Relioune spillen nach ëmmer eng wichteg Roll op der Welt. A wann sech reliéis Gemeinschafte veränneren, huet dat e groussen Afloss op eis Gesellschaft – am gudden oder och am schlechten.
[Fr] Mam Caroline De Kräizstachatelier: kreéier däin eegene Button a bréng e mat fir déi nächst Demo! Ab 12 Joer, max. 6 Persounen 🗓️Sa... Weiter Lesen
CID | Fraen an Gender ist ein Ort für alle die sich für Feminismus, Genderthemen, Gleichheit zwischen allen Geschlechtern interessieren und sich gegen Geschlechterstereotypen aussprechen.
Autres sites web
ÖFFNUNGSZEITEN
Dienstag, Mittwoch, Freitag:
12:00 – 18:00 Uhr
Donnerstag:
12:00 – 19:30 Uhr
Samstag:
09:00 – 14:00 Uhr
& Termine für Recherchen außerhalb der Öffnungszeiten
Im August und während den Weihnachtsferien ist das CID geschlossen.
© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag