Virun engem gudde Mount huet eng grouss Majoritéit am EU Parlament fir d’Aféierung vun enger eenheetlecher strofrechtlecher Definitioun vu Vergewaltegung gestëmmt. Doran soll de sougenannten „just jo heescht jo“ Prinzip verankert ginn. Wat domat gemengt ass, domat befaasst d’Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender sech an hirem Fräie Mikro. Dëse Fräie Mikro ka Betraffener vu sexueller Gewalt triggeren.
All 20. Fra an der EU ass Affer vu Vergewaltegung. Och Männer gi vergewaltegt, si maachen ca. 10% vun alle Vergewaltegungsaffer aus. Täter si bal ëmmer Männer.Wéini eng Vergewaltegung viru Geriicht bestroft ka ginn, gëtt an der EU vu Land zu Land ënnerschiddlech gehandhabt. A Länner wéi Rumänien oder Estland musse Gewalt an Zwang am Spill gewiergt sinn an d’Affer muss sech aktiv gewiert hunn. Mir wëssen awer mëttlerweil, dass déi meescht Affer sech bei enger Vergewaltegung net wieren. Wisou? Dir kennt vläit de fight or flight mode – also kämpf oder flücht Modus – am Fall vu Geforen. Déi heefegst Reaktioun ass awer freeze – erstarren. Wéi ee reagéiert, läit net an der Kontroll vum Affer. An awer kënnt et an deene Länner da net zu enger Veruerteelung. Och Persounen, déi betäubt goufen oder ënner Drogenafloss waren, gi vun dëse Gesetzer net geschützt.
An Däitschland an Éisterräich gëllt de „Nee heescht Nee“ Prinzip. Gutt dorun ass: et geet duer, dass d’Affer nee gesot huet fir dass vu Vergewaltegung geschwat gëtt. Schlecht dorun: d’Affer muss dat beweisen a gëtt viru Geriicht heefeg mat Vergewaltegungsmythen konfrontéiert. Also zBsp, dass Fraen Vergewaltegungen erfannen oder dass si mat hirem Verhalen oder hirem Kleedungsstil op manst mat Schold sinn un enger Vergewaltegung. Laut enger Eurostat Ëmfro vun 2024 sinn zu Lëtzebuerg 10% vun de Befroten der Meenung, dass eng Fra mat schold ass un enger Vergewaltegung, wann se alkoholiséiert war. A Litauen si souguer iwwer 40% vun de Befroten där Meenung. 15% vun de Befroten zu Lëtzebuerg sinn der Meenung, dass Fraen Vergewaltegungsvirwërf erfannen oder exageréieren. An der Belge a Portugal deelen méi wéi 20% vun de Befroten dës Meenung.
An da ginn et déi Länner, déi als Virreider gëllen, dorënner Spuenien, d’Belge an och Lëtzebuerg. Hei goufen déi national Gesetzer ugepasst un de „Jo heescht Jo“ Prinzip. Dat bedeit, dass all sexuell Handlung tëscht 2 oder méi Mënschen op Konsens baséiere muss, also op der Zoustëmmung vun de Bedeelegten. Gutt dorun ass: déi Bedeelegt si verflicht sech iwwert déi ausdrécklech Zoustëmmung vun hirem Visavis ze iwwerzeegen. Wann d’Fro „wëlls du mat mir schlofen“ net mat jo beäntwert gëtt, besteet kee Konsens. Dat kann och Kloerheet ginn zBsp a Situatiounen wou eng Fra schléift, bewosstlos ass oder staark intoxikéiert ass – do ka si net ausdrécklech zoustëmmen, also ass et ëmmer eng Vergewaltegung – och wann et déi eege Partnerin ass, och wa se sexy ugedoe war, och wann dir schonn emol mat enee geschlof hutt
Net gutt dorun ass, dass och dëse Prinzip net verhënnert, dass e viru Geriicht Beweiser braucht, déi een bei enger Vergewaltegung oft net huet, an d’Täter ouni Strof dovu kommen. Ausserdem stellt sech d’Fro wéivill Konsens méiglech ass an enger Gesellschaft, déi geprägt ass vu strukturellem Sexismus an internaliséierter Misogynie.
Ëmmer erëm héiere mir vu Männer: mee wat däerf ech dann iwwerhaapt nach. Ech traue mech mol net méi alleng mat enger Fra an de Lift ze klammen, ech weess guer net méi, wéi ech flirten däerf, muss ech lo virum Sex e Kontrakt opstellen a nach weidere Blödsinn. Dobäi heescht „yes means yes“ jo just, dass de Visàvis d’accord ass. Wem dat ze komplizéiert ass, den hätt vläit effektiv besser sech op platonesch Frëndschaften ze beschränken.
Ech si frou, dass Lëtzebuerg e fortschrëttlecht Gesetz huet. Allerdengs geet et domat net duer. An och bei der Eurostat Ëmfro schneide mir am Verglach gutt of. D’Europaparlament fuerdert niewt där iwwerfälleger eenheetlecher a konsensbaséierter Definitioun vu Vergewaltegung awer nach eng Rei aner sënnvoll Mesüren, wéi reegelméisseg obligatoresch Formatiounen fir Professioneller, déi mat Vergewaltegungsaffer a Kontakt kommen. Eng ëmfaassend, modern an altersgerecht sexuell Bildung an de Schoulen. Och nach EU wäit Sensibiliséierungskampagnen iwwer Konsens, kierperlech Selbtsbestëmmung a gesond Bezéiungen. An och Moossnamen géint Vergewaltegungsmythen an Incel-Propaganda. Well eréischt wa Sexualitéit op Opklärung, Konsens a Gläichstellung tëscht de Geschlechter berout, wäert et keng Vergewaltegunge méi ginn.
Wichtegen Hiweis:
Dir sidd Affer ginn vun enger Vergewaltegung? Hei kri dir Hëllef:
Centre National pour Victimes de Violence
De Centre ass 7Deeg/7 a 24Stonnen/24 op.
Quellen:
https://www.europarl.europa.eu/RegData/etudes/IDAN/2024/757618/EPRS_IDA(2024)757618_EN.pdf
https://de.statista.com/statistik/daten/studie/1099780/umfrage/opfer-von-vergewaltigungen-in-der-eu/
🗓️18.07.2026 🕒10:00-13:00 📍CID Fraen an Gender 🗣 DE ✉️info@cid-fg.lu
CID | Fraen an Gender ist ein Ort für alle die sich für Feminismus, Genderthemen, Gleichheit zwischen allen Geschlechtern interessieren und sich gegen Geschlechterstereotypen aussprechen.
Autres sites web
ÖFFNUNGSZEITEN
Dienstag, Mittwoch, Freitag:
12:00 – 18:00 Uhr
Donnerstag:
12:00 – 19:30 Uhr
Samstag:
09:00 – 14:00 Uhr
& Termine für Recherchen außerhalb der Öffnungszeiten
Im August und während den Weihnachtsferien ist das CID geschlossen.
© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag