Fräie Mikro Peche géint d’Patriarchat

Op Instagram fënnt ee si ënner dem Numm Collages féminicides Luxembourg. De Kollektiv vun de sougenannte Colleusë bréngt feministesch Collagen am ëffentleche Raum un, fir géint sexistesch a patriarchal Gewalt ze protestéieren an ze sensibiliséieren.

 

Si waren erëm aktiv! A leider hate si och all Grond dozou.

Ech schwätze vun de Colleusen, deene Fraen, déi Nuets Messagen a Form vu grousse schwaarze Buschtawen op wäissem Pabeier op Chantiersofspärungen oder op Mauere peche ginn.

Hir kuerz awer staark Messagen, verdeelt iwwer d’Stad, sprangen engem direkt an d’Aen. Si bleiwen am Kapp. An dat solle se och.

KILLED FOR BEING A WOMAN

HOMME 25 ANS TUE SON EPOUSE 20 ANS AU MARTEAU

NET NACH EENT

Dës Messagë verweisen op déi zwee aktuell Femizider zu Lëtzebuerg.

Femizider: Weltwäit omnipresent

Femizider si generell am Fokus vun der Aarbecht vun den Aktivistinnen, déi hir Roserei an hire Collagen ausdrécken. Femizider (däitsch: Femizid; franséisch: féminicide) sinn eng extrem Auswierkung vun dem strukturelle Sexismus, dee weltwäit omnipresent ass.

De Mord u Fraen, well se Frae sinn, huet säin direkten Ursprong am Patriarchat. E Mann fillt sech am Recht eng Fra als säin Eegentum, säi Besëtz unzegesinn, mat der Konsequenz si, hire Kierper an hiert Verhalen dierfen ze kontrolléieren, ze bestëmmen an ze sanktionéieren.

Wann néideg och mat kierperlecher Gewalt, bis hin zum Mord.

Keng Eenzeltäter, mee ee strukturelle Problem

Männer, déi hir Partnerin oder Ex-Partnerin ëmbréngen, sinn net einfach just duerchgedréint Eenzeltäter, se sinn Deel vun engem strukturelle Problem.

Zu deem Problem gehéiert och, wann enger Fra um Policebüro net gegleeft gëtt, wa si net eescht geholl gëtt an hir Plainte mol net opgeholl gëtt – wéi et nëmmen een Dag nom Stater Femizid zu Esch um Kommissariat geschitt ass.

Zu dem Problem gehéiert och, wa jiddweree fort kuckt, wann am Tram en Typ mat senger Frëndin bierelt a se verbal erniddregt.

Zu dem Problem gehéiert och, wa Meedercher schonn an der Spillschoul léieren, datt et just en Zeeche vun Zouneigung ass, wa Jonge si pisaken.

Et geet eis all eppes un

Femizider ginn eis all eppes un. Fir datt et net méi sou wäit kënnt, musse mir Sexismus an all senge Forme bekämpfen.

D’Colleusë befaasse sech awer och mat anere Sujeten. Si ruffen op zu Solidaritéit mat den iranesche Meedercher a Fraen, si ënnerstëtzen d’Recht op Schwangerschaftsofbroch.

Si verurteele Vergewaltegung als Krichswaff. Si warne virun der Klimakatastroph. Si si solidaresch mat Lesben, trans a queere Persounen.

Kuerz gesot: si befaasse sech mat allen aktuelle feministesche Sujeten a weise wou et brennt.

Eng international Beweegung

D’Colleusë si mat hiren Aktiounen Deel vun enger Beweegung, déi hiren Ursprong a Frankräich huet. Am September 2020 goufen an iwwer 200 Stied a Frankräich där feministescher Collage gezielt.

Doriwwer eraus gëtt et des Form vun Aktivismus zum Beispill och an Däitschland, Polen, Italien a Syrien.

Zu Lëtzebuerg: keng einfach Aarbecht

Der Stad Lëtzebuerg an der Police ass d’Aarbecht vun de Colleusen en Dar am An. Hir Pechaktioune wiere Vandalismus. D’Stad Lëtzebuerg huet souguer eng Plainte géint si gemaach.

Och verschiddene Bierger:inne schéngen d’Collagen net ze gefalen. Ëmmer erëm ginn d’Affichen erofgerappt oder eenzel Buschtawen ewechgeholl oder ëmgeschriwwen an d’Messagen doduerch verdréint.

D’Collage passen eben net zum Bild vum liberalen, fräien an inklusive Lëtzebuerg, wou dach eigentlech alles an der Rei ass a mir jo längst all gläichberechtegt sinn.

Mäi Respekt hu se, déi Colleusen, déi hir Fräizäit afferen, sech Sanktiounen aussetzen a selwer a Gefor brénge fir géint e Mangel un Zuelen, e Mangel u politeschem Wëllen an e Mangel u gesellschaftlechem Engagement ze protestéieren an domat besser Aarbecht leeschte wéi sou munch deier Sensibiliséierungscampagne.

Diesen Artikel teilen

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag