Ech hu mech richteg gefreet – an dat soen ech ganz onironesch – wéi grouss d‘Empörung war iwwert déi antifeministesch Aussoe vun engem DP Deputéierten.
Wärend a méi konservativ feministesche Kreesser tatsächlech och 2025 nach doriwwer diskutéiert gëtt ob een iwwerhaapt soll vu Feminismus schwätzen an ob dat net ze vill ofschreckend ass, hunn hei op emol vun alle Borde Männer wéi Fraen sech zum Feminismus bekannt. An d’Indignatioun bei ville Politiker*innen war a mengen Ae spontan an éierlech a net gespillt – well si – wéi och vill Leit aus der Zivilgesellschaft eben dach spieren, dass eppes richteg schif ass, wa bestëmmten Termen an eng gewëss Argumentatioun genotzt ginn. Et sinn eben dach vill Leit, déi sech eigentlech eng gläichberechtegt, fräi a sozial Gesellschaft wënschen an déi ganz wuel erkennen, dass antifeministesch Beweegunge geféierlech sinn – net just fir d’Fraerechter, mee fir eis Demokratie a fir all Mënscherechter.
Esou vill ech mech iwwert déi kloer Wierder, Statements a solidaresch Aktioune gefreet hunn, sou gespaant sinn ech elo, ob dat alles just e Stuerm am Waasserglas war, oder ob e puer Lei top deene richtege Plazen elo aktiv ginn a konkret Konsequenzen zéien.
Ëffentlech Bekennunge si wichteg a richteg. Awer et geet net duer – dat wësse mir all.
E Bléck op de Staatsbudget ass ernüchternd. De Gläichstellungsministère läit – wéi ëmmer – op leschter Plaz – mat – a lo halt iech un – ganzen 0,11 % vum Gesamtbudget. Zum Verglach: de Sportsministère läit op zweetleschter Plaz mat 0,29 % – ëmmerhi méi wéi dat duebelt.
Dass de MEGA mat deene Moyenen net genderbaséiert Gewalt ofschafen an Antifeminismus wierksam bekämpfe kann, schéngt op der Hand ze leien. All Joers komme meng Kolleeg*innen vun anere Veräiner wéi och ech bei de Ministère heesche fir méi Sue fir Personal fir méi Sensibiliséierung, méi Berodung, méi Verännerung kënnen ze bewierke fir eng gläichberechtegt Gesellschaft. A wéilt Dir gär ofweie wat elo méi wichteg ass: méi Plazen an de Fraenhaiser oder méi Präventioun fir keng Fraenhaiser méi ze brauchen? Ech verstinn den Dilemma.
E weidere Bléck op de Staatsbudget weist, dass ganzer 15,70 % vum Staatsbudget an d’Educatioun fléissen. An dat ass gutt esou. Bildung ass zentral fir eng funktionéierend a solidaresch Gesellschaft.
Eigentlech géif et op der Hand leien, dass de Bildungsministère dem MEGA en Deel vun der Aarbecht géif ofhuelen. A Groussbritannie gëtt et zB zënter dësem Schouljoer e Flichtcours fir géint déi wäit verbreet fraefeindlech Astellunge virzegoen. Virgule huet am August eise Bildungsministère gefrot, ob dat net och eng gutt Saach fir Lëtzebuerg wier. D’Äntwert war erstaunlech: Nee, hei zu Lëtzebuerg géif e keng sou Tendenze beobachten.
Déi gefillt Realitéit ass eng aner, mee verlässlech Zuele géifen natierlech net schueden, och dat ass eppes, wat de Bildungsministère finanzéiere kéint: eng Rubrik iwwer mënschefeindlech Astellunge bei Kanner a Jugendlecher am nächste Jugendbericht.
Mee vläit kënne mir eis och ouni Beweiszuelen drop eenegen, dass et gutt wär, wa Präventioun vu Sexismus, vun genderbaséierter Gewalt a vu Misogynie e festen an obligatoresche Bestanddeel vun der Aus- a Weiderbildung vu pedagogeschem Personal géif ginn.
Wann et schonn net méiglech ass, dass e Gläichstellungsministère e Budget kritt, de sengen Aufgabe gewuess ass, da wär et awer dat mannst, dass déi grouss Ministèrë bei dëse wichtegen Aufgabe mathëllefen –net als lästeg Niewesaach, mee aus vollster Iwwerzeegung.
[Fr] Register HERE!
CID | Fraen an Gender ist ein Ort für alle die sich für Feminismus, Genderthemen, Gleichheit zwischen allen Geschlechtern interessieren und sich gegen Geschlechterstereotypen aussprechen.
Autres sites web
ÖFFNUNGSZEITEN
Dienstag, Mittwoch, Freitag:
12:00 – 18:00 Uhr
Donnerstag:
12:00 – 19:30 Uhr
Samstag:
09:00 – 14:00 Uhr
& Termine für Recherchen außerhalb der Öffnungszeiten
Im August und während den Weihnachtsferien ist das CID geschlossen.
© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag