Oppene Bréif vun zwou Ex-Schülerinnen un d’Direktioun vum LCD

Oppene Bréif un d’Direktioun vum LCD a jiddereen am MENJE, deen zoustänneg ass,
d’Virwërf géint ee Proff aus dem LCD opzeschaffen

Wat am LCD geschitt ass bzw. ebe grad net geschitt ass, ass net méi ze änneren. Dass ee
Proff jorelaang Jonker belästegt an et kengem opfält oder d‘Virwerf bei sou engem
wichtegen Thema vun den zoustännege Léierpersounen net eescht geholl ginn, ass awer
net ze verzéien a scho guer net ze vergiessen. Aus genau deem Grond, fuerdere mir eent
séiert a virun allem transparent Opschaffen vun allen Virwërf, géint dee Proff a géint
jiddereen, deen net séier genuch, net de Virwërf ugepasst, gehandelt huet.
Den LCD, a virun allem déi zoustänneg Instanzen am MENJE hunn elo d’Chance, dat
Vertrauen, wat iwwert Joren, an dësem an an anere Fäll, ëmmer erëm duerch näischt wëlle
gesinn, näischt soen a näischt maachen, zerstéiert gouf, zumindest e bësse rëm
opzebauen. De Fall am LCD ass KEEN Eenzelfall. Et ginn aner Fäll am LCD, wou Schüler a
Schülerinnen sech duerch Proffe mal à l’aise gefillt hunn, an et ginn aner Fäll an anere
Schoulen an dat ëmmer an ëmmer erëm. Et ginn se iwwerall, an all Institutiounen. Dat
eenzegt wat dogéint hëlleft, ass eent konsequent Opschaffe vun allen Virwërf. Et dierf net
méi weidergoe mat der Kultur des Schweigens. Dofir brauch et och konsequent
Sensibiliséirungsarbescht vun de Jonken, den Elteren an de Léierpersounen, fir dass all
Jonken an all Erwuessenen all Belästegung als dat erkennt, wat et ass: een Iwerschreite vu
Grenzen.

Et dierf net sinn, dass Jonker sech net traue Belästegungen aller Aart ze mellen, well se
d’Gefill vermëttelt kréien, se géifen net eescht geholl ginn, et wier jo ‘alles net sou
dramatesch‘ an et géif duerno souwisou näischt geschéien. Oder se géife schlëmmstefalls
selwer nach Affer vu verbalen oder schrëftlechen Attacke ginn. Dat mécht net nëmmen
déijéineg, déi net gehandelt hunn, mat-verantwortlech, mee virun allem och déi, déi
probéiert hunn, aktiv dogéint ze stéieren, dass d’Virwërf opgeschafft ginn! Awer genau dëst
schéngt am LCD geschitt ze sinn. An dat muss Konsequenzen hunn!
Eisen déifste Respekt geet un déi Jonk, déi sech net aschüchteren oder ofwimmele gelooss
hunn, déi drop bestan hunn, dass hir Virwërf eescht geholl ginn, obwuel se sou vill Steng an
de Wee geluecht kruten. Fir si, fir jiddereen, deem an dësem an anere Fäll Onrecht gedoe
gouf a fir jidderee virun zukünftegen Iwwergrëffer ze schützen, fuerdere mir, dass den LCD
an di zoustänneg Instanzen een Zeeche setzen.

Fir dat wat geschitt bzw. net geschitt ass, fuerdere mir 1. dass all Virwërf séier an
transparent opgeschafft ginn, 2. dass op allen Ebenen opgeschafft gëtt, firwat net schonn
éischter méi konsequent Moossname geholl goufen, ëmmerhin huet dee Proff viru
mindestens aacht Joer di éischte Kéier Jonker belästegt, 3. dass den LCD mat de betraffene
Jonken an een oppenen a fairen Dialog trëtt an 4. dass den LCD oder den zoustännege
Commissaire de gouvernement aux affaires disciplinaires sech och ëffentlech beméit weider
Fäll vu Belästegung opzedecken andeems de Lycée oder den zoustännege Commissaire
eng Platz ariicht, wou Betraffener sech melle kennen (z.B. eng Email-Adress).

Fir ze verhënneren, dass sou eng oder sou änlech Situatiounen sech widderhuele kennen,
fuerdere mir, dass ganzheetlech Schutzkonzepter an allen Schoulen a Lycéeën agefouert
ginn. 1. Dass vun allen schoulinternen Hierarchien onofhängeg an dofir ausgebilten
Ulafplazen geschaaft ginn, déi all Jonkem bekannt sinn, fir all Fäll vun Iwwergrëffer
vertraulech ze mellen (z.B. déi vum Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher gefuerdert
Aféierung vun Child Protection Officers) an dass et kloer Berodungs- a Beschwerdeweeër
ginn, déi jidderengem bekannt sinn an eent séiert an transparent Opschaffe vu Virwerf
erméiglechen. 2. Dass Erwuessener, déi mat Kanner a Jugendleche schaffen
reegelméisseg zu Theme wéi Kindesschutz, Antisexismus an Antirassismus
weidergebilt a sensibiliséiert ginn. 3. Dass Jugendlecher verstäerkt (zum Beispill am Kader
vum Vie et Société-Cours oder am Kader vu Sensibiliséierungscampagnen) iwwert hir
Rechter opgekläert ginn an sou all Grenziwwerschreidungen erkennen kennen an dass 4.
sech an allen Institutiounen, op allen Ebenen, mat allen Acteure fir eng Kultur der
Achtsamkeit agesat gëtt, wou gutt opgepasst gëtt, kritesch Situatioune kloer benannt ginn
an néideg Verännerunge méiglech gemaach ginn, fir dass sou Virfäll net einfach
bagatelliséiert, mee richteg ageuerdent an un déi richteg Plaze weidergeleet ginn, respektiv
et net sou wäit komme kann.

Dofir sinn och mir gefrot, Schüler a Schülerinne vum LCD, ancien.ne.s élèves, Proffen,
Elteren, Politesch Parteien an d’Lëtzebuerger Ëffentlechkeet: Halt net op no
Gerechtegkeet ze froen, vergiesst des Debatt net. Kuckt an ärem Ëmfeld, wat
problematesch ass a gräift an, traut Iech, Froen ze stellen an Äntwerten ze fuerderen. Fir
dass mir zesumme géint all Form vu Mobbing, Belästegung, Gewalt an Diskriminatioun
kenne virgoen. LCD, all Aen sinn op Iech an di zoustänneg Instanze geriicht, mir
wäerten net vergiessen, wat an dësem Lycée geschitt bzw. net geschitt ass!
Platze, wou een sech melle kann: Direktioun vum LCD, Police oder Ombudsmann fir
d’Rechter vum Kand (OkaJu). Zu dësem Sujet gouf eng Reklamatioun beim OKaJu
eragereecht.

Weider Informatiounen zur Situatioun am LCD am Artikel “Die Kultur des Schweigens im
LCD” am Lëtzebuerger Journal vum 31.03.2021:
https://journal.lu/de/die-kultur-des-schweigens-im-lcd.

JD & CW. Dëse Bréif gouf geschriwwe vun zwou Ex-Schülerinne vum LCD. Et geet awer net
dorëms, eenzel Persounen an de Virdergrond ze stellen, mais d’Diskussiounen em des
Sujete musse gesamtgesellschaftlech gefouert ginn.
(Contact: oppenebreif.lcd@hotmail.com) 21.04.2021

Diesen Artikel teilen

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag