Reaktioun op eng Publicitéit vun der Post Lëtzebuerg

Op den éischte Bléck gesi mir eng Fra, déi an hire Mikro séngt. Laut hirem Gesiichtsausdrock schéngt sinn och effektiv Spaass un dëser Aktioun ze hunn.

Mir kruten des Publicitéit geschéckt, fir op sexistesch Reklammen hei zu Lëtzebuerg opmierksam ze maachen. Allerdéngs huet et e bësse gedauert, bis mir de sexisteschen Aspekt vun dëser Inzenéierung erkannt hunn. Déi plakeg Äerm vun der Frau kënnen et net sinn, well de Kierper gëtt net sexualiséiert oder erotesch an Zeen gesat.

Kucke mir also weider. Op den zweete Bléck fält op, dass d’Bild an zwee gedeelt ass: Uewen ass een anert Bild ze gesinn, ewéi ënnen. Kuckt emol op de Mikro, fält do eppes op? Am ënnechte Bild gëtt aus engem schwaarze Mikro op eemol ee Botzbiesem aus Holz… A schonn hu mer et alt erëm mat engem Beispill ze dinn, wéi Geschlechterstereotypen reproduzéiert ginn, andeems enger Frau e Botzbengel an de Grpp gedréckt gëtt. Oder kéint ee sech dëss Reklamm och genau esou gutt mat engem Mann virstellen?

Mee amplaz vill Zäit domat ze verléieren, alt erëm eng Kéier ze betounen, dass Fraen net opgrond vun hirem Geschlecht besser mam Staubsauger eens ginn, wéi soss ee Geschlecht, fanne mir et vill méi wichteg d’Prekaritéit vum Botzsecteur aus feministescher Perspektiv siichtbar ze maachen.

Well vielläicht iere mer eis jo an d‘Post wëll just drop hiweisen, dass mat 78% déi meeschten Aarbecht am Haushalt vu Fraen erleedegt gëtt? Oder et ass et eng Sensibiliséierungskampagne, déi op déi prekär Situatioun am Botzsecteur opmierksam mécht ?

Am Botzsecteur si mat 83% virun allem Fraen agestallt. Vill mat engem befriste Kontrakt, deen a verschiddene Fäll och nach op eng ganz kuerz Zäitspan vun 2 Wochen oder engem Mount determinéiert ass. Ënnert dësen Aarbechtskonditiounen ass et enorm schwéier, respektiv praktesch onméiglech, sécher a gereegelt Liewensverhältnisser ze garantéieren.

Just 34% vun de beschäftegte Persoune schaffe Vollzäit. Vill vun hinne mussen e puer Aarbechte matenee verbanne fir op eng Vollzäit ze kommen. Dat féiert zu steierleche Benodeelegungen a schlussendlech zu enger méi klenger Pensioun an heefeg och zu Altersaarmut. 50% vun de Beschäftegte schaffe fir ee Brutto-Gehalt vu manner wéi 12,6 Euro (am Verglach zu 19,6 Euro vun all den ugestallte Persounen zu Lëtzebuerg).

Och d’Konditioune vun der Aarbecht sinn am Botzsecteur besonnesch haart. Et ass eng kierperlech ustrengend Aarbecht wou mat aggressiv chemesche Substanze geschafft gëtt a wou en héije Risiko u Verletzungen besteet. Et gëtt geschat, dass d’Gesondheet bei 52% vun de Leit ugegraff gëtt. Am Verglach zu 34% aus dem private Secteur.

83% vun dëse betraffene Persoune si Fraen. Dobäi kennt, dass 78% vun der Aarbecht am Haushalt – eben och d’Botzen doheem wat net finanziell remuneréiert gëtt – vu Frae gemaach gëtt.

Sources: Etüd zu den Aarbechtskonditiounen am Botzsecteur zu Lëtzebuerg vum LISER aus dem Joer 2020 an op de Gender Equality Index aus dem Joer 2021 vun EIGE.

Diesen Artikel teilen

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag