Zu Lëtzebuerg geet et eis, wat d’Fraerechter ugeet, besser wéi op villen anere Plazen. Mä och hei wär net alles gutt. Villes wär verstoppt a wann ee munches hannerfreet, gesäit een, datt villes net an der Rei ass, sot d’Isabelle Schmoetten vum CID Fraen an Gender e Mëttwoch de Moien. Um Weltfraendag war si als Member vun der Plattform JIF eis Invitée vun der Redaktioun.

De Logement, déi familiär an déi finanziell Situatioun an d’Gewalt géint Fraen: d’Revendicatioune vun der Lëtzebuerger Plattform vum Weltfraendag dréinen ëm déi véier Haaptpunkten.

D’Plattform JIF setzt sech ënnert anerem fir e Congé de naissance vun 3 Méint a fir béid Elterendeeler. Frae géife sech an den éischte Méint dacks eleng gelooss fillen. Mustere géife sech verfestegen. Fir méi eng gläichberechtegt Opdeelung wär et wichteg, datt an deenen éischte Méint net alles schonn an eng Richtung rutscht. Déi 10 Deeg Pappecongé wären entretemps europäesche Minimum. Et kéint een duerchaus doriwwer erausgoen. Eng gläichberechtegt Gesellschaft a Kanner mat enger gudder Bindung géife sech och wirtschaftlech rentéieren.

Am Logement hu speziell elengerzéiend Frae méi Problemer, eng Wunneng ze fannen. An de Fraenhaiser ginn et net genuch Plazen. Finanziell schaffe Fraen hei am Land 6 Mol méi Deelzäit wéi d’Männer a géifen esou och vill manner Rent kréien. Neiste Chiffere vum Statec weisen, datt Fraen elo méi en héije Stonneloun kréien wéi Männer, mä dat wär nëmmen en Deel vum Bild. Wat d’Joresgehalt ugeet, géifen d’Männer nach ëmmer kloer méi verdéngen.

Wie wëll en Zeeche setze fir d’Fraerechter, ka bei der feministescher Marsch matgoen. E Mëttwoch den Owend um 17 Auer an der Stad um Hamilius. Et geet bis op d’Plëss, wou och Rieden a Musek sinn.

De Weltfraendag ass och en Donneschdeg den Owend Thema am Kloertext op der Tëlee. Do geet et ëm d’Pertinenz vum Dag souwéi ëm d’Stellung an d’Bild vun der Fra 2023. An dat aus der Vue vu véier Fraen aus ganz ënnerschiddleche Generatiounen. Invitéiert sinn déi jonk Genderfuerschering Claire Schadeck, d’Jessica Lopes vun der Asti a Jiff, d’Danielle Igniti an d’Colette Flesch.