CID meets… Lëtzebuerger Friddensbeweegungen

Thursday, 27. April 2023 18:00 - 19:30

[De and Fr]

Wat bedeit Fridden? Wéi ka Fridden erreecht ginn? Wéi kann een*t sech haut fir Fridden asetzen? A wéi eng Roll spillen Gender a Feminismus bei deene Froen?
De feministeschen Aarbechtsgrupp Fridden an Gender an d’Friddensplattform wäerten sech zu dësen a weidere Froen austauschen.
Doriwwer eraus wäert d’Aktivistin Shabnam Sabzehi iwwer d’Kämpf an d’Situatioun vun de Fraen am Iran berichten.
Kommt hinne nolauschteren a schwätzt mat. Dir kënnt Iech och eis Bicher zum Sujet ukucken an ausléinen a fir Gedrénks a Snacks ass och gesuergt.
Den Austausch ass op Lëtzebuergesch mat enger Iwwersetzung op Franséisch.
Aschreiwung erwënscht: info@cid-fg.lu

Wou/Où: CID Fraen an Gender, 14 rue Beck, Luxembourg
Fräien Entrée/Entrée libre

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag