De 16. Mee invitéiert de CID | Fraen an Gender iech ee feministesche Bléck op ausgewielte Biller vun der renomméierter Fotografin Linsey Addario ze geheien. Am Kader vun enger Visite guidée duerch d’Fotoausstellung „Women in War“ am Nationale Resistenzmusée zu Esch, gëtt een gendersensibele Fokus op Krich- a Konfliktsituatioune geluecht. Themen wäerte sinn: D’Ursaachen vu Vergewaltegung als Krichswaff, d’Bedeitung vun enger feministescher Aussepolitik an Iwwerleeungen zu engem feministesche Friddensbegrëff.
Sidd Dir interesséiert? Da mellt iech w.e.g. ënnert info@cid-fg.lu un.
D’Visite wäert op Lëtzebuergesch sinn.