Endometrios. Kreative Schreifatelier

Tuesday, 11. February 2020 12:00 - 14:00

[De and Fr]

Kreative Schreifatelier zum Thema Endometrios fir Betraffener

begleed vun der Autorin Anja Di Bartolomeo

… well et gutt deet, mech mat anere Betraffenen auszetauschen an ze wëssen dass ech net eleng sinn.
… well et hëlleft, Wierder op mäin Erliewen ze setzen a selwer auszedrécke wéi et mir mat Endometrios geet.
Schreiwen ass eng kreativ Manéier déi de Kontakt mat sech selwer stäerke kann. Virun allem an enger Liewenssituatioun wou dacks anerer menge besser wéi mir selwer ze wësse wéi mir eis fille missten. Komm, experimentéier mat eis an engem Kader vu géigesäitegem Versteesdemech.

Limitéiert Plazen. Dräi onofhängeg Séancen: All Participant·e hëllt just un enger Séance deel.
Umeldung obligatoresch: T. 516121-712, egalite@dudelange.lu
Déi genau Adress kritt Dir mat der Umeldungsbestätegung.

Projet organiséiert am Virfeld vun enger Sensibilisierungs-Veranstaltung fir Mäerz 2020
Organisatioun: Chargées à l’égalité des genres de Luxembourg, Dudelange et Bettembourg,
CID – Fraen an Gender, Centre LGBTIQ+ CIGALE

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag