Keng Angscht zu Aneschtbuerg!

Saturday, 14. November 2026 10:00

[De and Fr]

Keng Angscht zu Aneschtbuerg!
zesummen mat der Tatta Tom

D’Tatta Tom kënnt op Besuch an de CID | Fraen an Gender – an am Gepäck huet si eng Geschicht iwwer d’Anescht-sinn, iwwert Courage an iwwert eng Welt, an där grad déi kleng Ënnerscheeder alles méi faarweg maachen.

Bei der Liesung vu „Keng Angscht zu Aneschtbuerg“ hëlt d’Tatta Tom Grouss a Kleng mat op eng faarweg Rees voller Witz an Häerz.

Eng Liesung fir Kanner (Alter: 4-10 Joer) – a fir all déi Grouss, déi nach net vergiess hunn, wéi schéin et ass, e bëssen anescht ze sinn.

D’Aschreiwung per Mail ass obligatoresch op: info@cid-fg.lu. Schreift w.e.g. dobäi, ob Dir um 10h00 oder 11h30 komme wëllt.

🗓️ Sa 14. November 2026
🕒 10h00 an 11h30
📍 CID | Fraen an Gender
🗣️ LU
🎟️ Aschreiwung op: info@cid-fg.lu 

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag