“Et gëtt eng Diskriminéierung via-à-vis vun de Fraen an der Medezin an an der Recherche. Mir hunn e strukturelle Problem am System.” Doriwwer ware sech d’Invitéeën am Background eens, an deem sech alles ëm d’Thema Gesondheet vun de Frae gedréit huet. Invitéeë waren d’Shirley Feider, d’Presidentin vun der CAPAT, dem Cercle vun de Patienten-Associatiounen, d’Chantal Keller, Infirmière, Autorin, Presidentin a Grënner vun der asbl Blëtz an d’Claire Schadeck vum CID Fraen a Gender.