[De]
Fir d’Carte Blanche ze lauschteren, klickt hei.
An dëser Carte Blanche schwätzt d’Claire Schadeck vum CID | Fraen an Gender mol rëm eng Kéier iwwer den Gender Pay Gap. Anscheinend verdéngen d’Fraen nämlech elo méi wéi d’Männer. Ass dat net allerhand? An dann schwätzen d’Feministinne vun Diskriminéierung…
Am Kader vum éischte Mee, dem Dag vun der Aarbecht, huet de STATEC nei Zuelen iwwer d’Aarbechtsliewen hei zu Lëtzebuerg verëffentlecht. An dësem Heft gëtt selbstverständlech och op d’Ënnerscheeder an der Pai tëscht de Fraen an de Männer gekuckt. A wat stelle mir do fest? De mediane Stonneloun vun de Fraen ass an der Moyenne 11,2% méi héich, wéi dee vun de Männer! Do hu mir et dach schwaarz op wäiss. All déi Feministinnen hei am Land schwätzen sech de Mond fir näischt fuseleg. Et geet de Frae souguer besser, wéi de Männer! Vu Gläichberechtegung also guer net ze schwätzen.
Et ass schued, dass an dëser Publicatioun vum STATEC net op den Ënnerscheed tëscht Stonneloun a Joresgehalt agaange gëtt. Vollzäit versus Deelzäitbeschäftegung gëtt sech och net aus enger geschlechtersensibeler Perspektiv ugekuckt. A wien am meeschte vun de Prime profitéiert gëtt och ausgeklammert.
Jo, op d’Stonn gekuckt, verdénge Fraen zu Lëtzebuerg an der Moyenne méi wéi Männer. Dat erkläert sech doduerch, dass vill vun de Fraen op Grond vun hirer Qualifikatioun a méi héich remuneréierte Branche schaffen. Woubäi een hei allerdéngs umierke muss, dass Fraen a bestëmmte Beräicher, zum Beispill dem Finanzsecteur, däitlech manner verdéngen, wéi hir männlech Kolleegen. Fir dat ze verhënnere brauch et transparent Gehälter a Kollektivverträg.
De Stonneloun ass awer net den eenzege Faktor dee meng Paie zum Schluss vum Mount beaflosst. Wann ech 50% bezuelt schaffen, da ka méi Stonneloun nach sou héich sinn, ech wäert de facto manner um Compte hunn, wéi mäin Noper deen eng Vollzäitplaz huet. An dat ass jo och richteg esou. Ech menge mir sinn eis eens: Wann ee méi schafft, dann huet een och méi ze gutt. Oder?
D’Wäsch maachen, d’Owesiessen akafen goen a kachen, d’Spull dono araumen a rëm ausraumen, d’Kanner vun der Schoul siche goen, d’Kanner an d’Bett bréngen, déi eegen Elteren am Alter ënnerstëtzen, mam Hond spadséieren goen, sech ëm d’Steiererklärung vum Stot këmmeren, niewebäi nach e bësse stëbsen, well dem Hond seng Hoer rëm duerch d’ganzt Haus fléien, d’Blummen nätzen net vergiessen, déi ganz administrativ Geschichten am Bléck behalen, sech mat der Assurance ploen… Deene meeschte vun eis kënnt dat bekannt fir. An der Reegel këmmert sech awer just d’Hallschent vun eis drëms. Nämlech d’Fraen.
Also jo: de Stonneloun vun de Fraen ass an der Moyenne méi héich, wéi dee vun de Männer. Mee d’Frae ginn an der Moyenne och net fir all déi Aarbecht bezuelt, déi se ënnert een Hutt musse kréie fir dass eis ganz Gesellschaft funktionéiert. Do hätte mir se rëm: déi onbezuelte Care-Aarbecht, déi ee vun den Haaptgrënn dofir ass, dass Fraen op d’Joer gekuckt ee gudde Batz manner um Compte hu wéi d’Männer. An zwar 10% manner. An do sinn d’Bonien nach net matgerechent. Awer net sou gläichberechtegt, oder?
[Fr] Mam Caroline De Kräizstachatelier: kreéier däin eegene Button a bréng e mat fir déi nächst Demo! Ab 12 Joer, max. 6 Persounen 🗓️Sa... Weiter Lesen
CID | Fraen an Gender is a place for everyone interested in feminism, gender issues, equality between all genders and speaking out against gender stereotypes.
Other websites
BUSINESS HOURS
Tuesday, Wednesday, Friday:
12 pm – 6 pm
Thursday:
12 pm – 7.30 pm
Saturday:
9 am – 2 pm
Possibility to make appointments for research outside of the opening hours.
The CID is closed in August and during the end of year holidays.
© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag