Carte Blanche: Wat ass eigentlech mat der Gewalt géint Männer?

[De]

Fir d’Carte Blanche ze lauschteren, klickt hei.

An dëser Carte Blanche diskutéiert d’Claire Schadeck vum CID | Fraen an Gender geschlechtsbedéngt Gewalt, de Probleem mat de sexistesche Strukturen a firwat d’Fro no der Gewalt géint Männer an dësem Kontext deplacéiert ass.

Am Kader vu menger Aarbecht a vu mengem perséinlechen Aktivismus engagéieren ech mech fir Gläichberechtegung, an dat maachen ech aus enger feministescher Perspektiv. Schwätzen ech Ongläichheeten oder Diskriminéierungen un, déi spezifesch Fraen a geschlechtlech Minoritéite betreffen, da kënnt et méi wéi eemol vir, dass ech no der Situatioun vun de Männer gefrot ginn. Thematiséieren ech Belästegung am ëffentleche Raum, dann hunn ech déi nächste Kéier a mengem Postfach een Artikel iwwer Männer, déi op der Strooss ugegraff ginn. An et stëmmt, Männer si statistesch gesi méi oft wéi Frae vu kierperlecher Gewalt am ëffentleche Raum betraff. Mee vu wiem geet déi Gewalt géint Männer dann aus? Dass dat statistesch gesinn däitlech méi Männer wéi Frae sinn, gëtt an der Diskussioun Mol gär ënner den Teppech gekiert. An dobäi ass et genau dee Punkt, deen et der wäert ass, aus enger geschlechtersensibeler Perspektiv ze analyséieren.

Een änlecht Schema léisst sech bei politeschen Actricen an Acteuren erkennen: An der Chamber gëtt reegelméisseg aus engem bestëmmte politeschen Eck no engem nationale Rot fir Männer gefrot oder d’Wichtegkeet vu Mesurë géint Gewalt géint Männer betount. Meeschtens als Reaktioun op bestoend Mesuren oder Instrumenter, déi sech géint d’Diskriminéierung vu Frae riichten.

D’Fro no de Männer ass eng ganz bewosst Oflenkung, déi ignorant an absolutt onsolidaresch ass. Mir musse selbstverständlech och iwwer d’Gewalt géint Männer schwätzen, mee net op Käschte vun de Fraen. Gewalt géint Männer ass kee Géigenargument, fir Gewalt géint Fraen onsiichtbar ze maachen.

Gesellschaftlech Strukture beaflossen eis an eisem Handelen an an eisem Denken. Hei ee konkret Beispill fir d’Konsequenzen dovun: Fraen, déi vu sexualiséierter Gewalt betraff sinn an dës denoncéiere wëllen, ginn an der Reegel fir d’éischt emol mat Mësstraue konfrontéiert. Wéi huet si sech beholl? Wat hat si un? Huet si vläicht ze vill gedronk?
An dës Skepsis kënnt aus verschiddenen Ecker: der Justiz, der Press, der Police oder och aus dem privaten Ëmfeld.
Dat strukturellt Mësstrauen huet als Konsequenz, dass Gewalt géint Fraen a ville Fäll net strofrechtlech verfollegt gëtt.

Wéi ass dat méiglech an engem Land dat d’Istanbul Konventioun, also dat rechtlecht Instrument, dat Frae viru Gewalt schütze soll, 2018 ratifizéiert huet? De Schutz viru geschlechtsbedéngter Gewalt ass gesetzlech zu Lëtzebuerg verankert an trotzdeem melle Betraffener ëmmer erëm op d’Neits, dass hinnen net nogelauschtert gëtt an dass si net eescht geholl ginn. Do stécht System dohannert. Eis strukturell Akzeptanz vu geschlechtsbedéngter Gewalt féiert dozou, dass juristesch Konsequenze fir vill Betraffener een eidelt Versprieche bleiwen.

Fir geschlechtsspezifesch Gewalt nohalteg ze bekämpfen, komme mir net dolaanscht, eis d’Strukturen unzekucken, déi dës Forme vu Gewalt iwwerhaapt erméiglechen. Wa Gewalt géint Fraen net konsequent als déi Strofdot verfollegt gëtt, déi et ass, dann hale mir ee gesellschaftleche System oprecht, dee Gewalt géint Frae manifestéiert am Plaz nohalteg ofzebauen.

Share this

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag