Fräie Mikro: D’Epstein Affär

[De]

Lauschtert de Bäitrag hei!

 

Den Jeffrey Epstein war en amerikaneschen Investmentbanker. Hien huet en internationaalt Netzwierk vu Kanner- a Fraenhandel fir räich a mächteg Männer bedriwwen. Duerch d’Verëffentlechung vun engem Deel vun de sougenannten Epstein Files ass den ëffentlechen Interesse un dësem Fall an deene leschten Deeg explodéiert. Männer wéi den Donald Trump, Prënz Andrew, Bill Clinton, Elon Musk, Bill Gates, Woody Allen, Stephen Hawking a Noam Chomsky sinn an d’Viséier geroden. D’Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender befaasst sech an hirem neie Fräie Mikro mat dësem Skandal. 

 

1995, also virun iwwer 30 Joer, gouf déi éischt Plainte géint den Epstein bei der Police a beim FBI gemaach, wéinst Vergewaltegung vun zwee 15 järege Meedercher. Et koum net emol zu enger Ermëttlung. Zwee Joer drop eng weider Plainte, erëm ouni Konsequenzen. 2005 déi nächst Plainte – dës Kéier vun den Eltere vun engem 13 järege Meedchen. Endlech gëtt et eng Ermëttlung. Weider 50 Affer mellen sech. 2008 dann, gouf den Epstein déi éischt an eenzeg Kéier verurteelt: wéinst Zwang zur Prostitutioun vun engem Kand – zu 18 Méint oppene Vollzuch. 

2009, no net emol 13 Méint, ass den Epstein erëm fräi. Am selwechte Joer gëtt hien erëm verklot: vum Virginia Giuffre, déi wuel wichtegst Zeiin vun der Affär.  

2019 koum den Eppstein endlech an Untersuchungshaft, e Mount méi spéit gouf vun offizieller Säit gesot hen hätt sech a senger Zell ëmbruet. 

2021 gëtt seng Komplizin, Ghislaine Maxwell, zu 20 Joer Prisong verurteelt – bis dato déi eenzeg Persoun, déi fir déi organiséiert sexuell Ausbeutung vu geschat iwwer 1000 Kanner a Fraen a Verbindung mam Epstein vun engem Geriicht verurteelt gouf. 

An de Joren duerno kommen ëmmer méi Detailer a méi Verwécklungen a Skandaler an d’Ëffentlechkeet. E puer mächteg Männer hu Posten, Prestige oder Titele verluer. Méi awer och net. 

Am August stierft d’Virginia Giuffre – offiziell e Suizid. Hir Memoirë goufe lescht Joer posthum ënnert dem Titel Nobody’s Girl publizéiert. 

Dass méi wéi 30 Joer no där éischter Plainte international iwwert dem Epstein säin Netzwierk vun organiséiertem Kanner- a Fraenhandel a -mëssbrauch geschwat gëtt, ass virun allem deene couragéierten Iwwerliewenden ze verdanken, déi zënter Joerzéngten géint e System ukämpfen, de keng Gerechtegkeet virgesäit. 

Alles un der Affär Epstein ass schrecklech. Et schockéiert, et dégoutéiert, et mécht rosen. An awer ass näischt dovun nei. Näischt dovun ass rar.  

De System, wéi déi Honnerte betraffe Meedercher a Fraen ausgewielt, ugelackelt a mëssbraucht goufen.
D’Aart a Weis, wéi se duerno um schwätze gehënnert goufen. 
D’Ausmooss vun den Doten: wéi vill Affer et ginn. A wéi vill Täter et ginn.
Den Ëmgang mat de Betraffenen, déi sech getraut hunn ze kloen, auszesoen, bei d’Press ze goen. Si erhale Morddrohungen, et gëtt hinne virgeheit ze léien, just op Geld a Bekanntheet aus ze sinn. Et gëtt hinnen net nogelauschtert a net gegleeft. Iwwerall liest ee vun de ville Schwäerzungen an den Epstein Files – gläichzäiteg sinn awer Nimm, intim Fotoen, Adressen an Telefonsnummere vun Affer net geschwäerzt gi mee einfach public.  

Ech muss net déi Epstein Files duerchsichen fir Beweiser ze fannen. Ech kann einfach Interviewe mat Iwwerliewende lauschteren oder der Virginia Giuffre hiert Buch liesen. Ech brauch keng Geschichte vu politeschem Komplott, Kannibalismus oder antisemittesch Verschwörungstheorien. Sexuell Gewalt – an all hire Formen – geet duer als Grond fir Mënsche fir hiert Handelen ze verurteelen an ze bestrofen – egal wéi mächteg a räich se sinn. Sexuell Gewalt geet viru well d’Täter geschützt, entschëllegt an hir Doten normaliséiert ginn. Well den Affer net nogelauschtert a gegleeft gëtt, hier Erfarung banaliséiert gëtt. 

Trotzdeem hoffen ech, dass déi vill Affekot*innen, Journalist*innen an Aktivits*innen, déi elo ënner Héichdrock um Dossier schaffen, zu Geriichtsprozesser a Verurteelungen kënne bäidroen, fir dass der Impunitéit endlech Grenze gesat ginn. 

D’Epstein Affär huet enorm Ausmoossen ugeholl. Dovun däerf een sech awer net oflenke loossen. Sexuell Gewalt u Kanner a Frae geet net just vun enger räicher, mächteger Elitt aus. Och wann hir Verantwortung a Schold besonnesch grouss a gravéirend sinn, opgrond vun hirem politeschen a wirtschaftlechen Afloss an hirer Virbildfunktioun. Et gëtt geschat, dass all 5. Kand an der EU sexuell Gewalt erlieft, zwee Drëttel bis dräi Véirel Meedercher. An iwwer 80% vun de Fäll sinn d’Täter aus dem noen Ëmfeld, iwwer 90% vun hinnen si Männer.
Sexuell Gewalt an Ausbeutung u Kanner a Fraen ass eng alldeeglech Realitéit. D’Mechanismen hannert sexueller Gewalt sinn ëmmer déi selwecht. All Fall ass ze vill a kee Fall ass banal.  

E System, den op patriarchalem a misogynnem Denke baséiert, an dem Fraen a Kanner objektifizéiert ginn, bei dem Geld a Muecht iwwer Mënscherechter stinn, erméiglecht net nëmme sexuell Gewalt, Ausbeutung a Mord; e veruecht och d’Affer, dréit Schold vun Täter op Affer ëm, erméiglecht d’Impunitéit vun den Täter a verharmloost oder negéiert d’Verantwortung vun de Matleefer an den Zeien – an déi ganz Welt kuckt no.
Mir loossen eis leede vu Sensatiounsgäilheet a Voyeurismus. Dobäi wieren et Empathie mat den Affer, Veruechtung fir d’Dote vun den Täter a Roserei op de System déi mer bräichte fir endlech eppes un de Verhältnisser ze änneren. Well déi si strukturell a schueden eis all. 

Wat ass är Haltung vis-à-vis vun den Täter, déi der kennt? A wat ass är Haltung vis-à-vis vun den Affer? Well Dir kennt der ganz sécher – och am perséinlechen Ëmfeld.  

 

 

 

 

 

Share this

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag