Fräie Mikro: Femizider erkennen, benennen, stoppen

[De]

Lauschtert de Bäitrag hei!

 

D’Universitéit Tübingen huet kierzlech eng nei Etüd zu Femiziden erausbruet. E Femizid ass de Mord un enger Fraen, well se eng Fra ass. Et ass déi extreemst Form vun genderbaséierter Gewalt. D’Isabelle Schmoetten befaasst sech an hirem Fräie Mikro mat de Resultater vun der Etüd a mat engem Femizid, den zu Lëtzebuerg zënter Jore staark mediatiséiert gëtt. 

Déi heefegst Zort vu Femizid ass de Mord un enger Fra um Enn vun enger Partnerschaft. Deemno verwonnert et net, dass déi meescht Täter Partner oder Ex-Partner vun den Affer sinn. Den Zäitpunkt nom Mord ass meeschtens kuerz no der Trennung oder virun enger erwaartener Trennung. An deene meeschte Fäll ass dem Femizid haislech Gewalt virausgaang. Zwee Drëttel vun den Täter hu Gewalt systematesch ugewannt fir hir Partnerinnen ze kontrolléieren an hir Fräiheet anzeschränken. 

D’Haaptmotiv vun den Täter ass Besëtzdenken – also déi déif verwuerzelt patriarchal Virstellung, dass Fraen hirem Partner ënnerstinn, him quasi gehéieren. 

D’Täter vun den 197 ënnersichte Femizider aus dem Joer 2017 koumen aus alle Schichten, vum Consultant bis zum Erzéier war alles dobäi. Awer: e Gros vun den Täter hat keen héije Bildungsofschloss a war an enger prekärer finanzieller Situatioun. Ausserdeem haten d’Hallschent vun den Täter entweder e Suchtproblem oder eng aner psychesch Erkrankung.  

Déi sougenannt Ehrenmorder awer och Mord a Verbindung mat engem Sexualdelikt, komme vergläichsweis just seele vir. Se gi just méi staark mediatiséiert a beonrouegen  d’Ëffentlechkeet dowéinst ëmmer besonnesch.  

D’Fuerscher*innen gesi virun allem Handlungsbedarf bei de sexistesche Sozialisatiounsmusteren vu Männer – dat heescht konkret méi Jongen- a Männeraarbecht. 

Ausserdeem fuerderen si méi Ënnerstëtzung fir psychesch krank a sozial benodeelegt Mënschen a Schutz viru finanzieller Prekaritéit. 

Och zu Lëtzebuerg ginn et Femizider. Wéi vill, ass net kloer, well se net als solch definéiert a gezielt ginn.  

E Fall, vun dem wuel déi meescht Leit héieren hunn, ass de Femizid un der Madame Diana Santos aus dem Joer 2022, den elo viru Geriicht ass a staark mediatiséiert gouf a gëtt. De Fall entsprécht de Musteren, déi an der däitscher Etüd duergestallt ginn: d’Motiv war Besëtzdenken, de potenziellen Täter den Ex-Partner a seng finanziell Situatioun prekär. 

Et ass gutt a wichteg, dass d’Press iwwer Femizider bericht. Dat weist: Gewalt ass keng Privatsaach. A Sujeten, déi an der Press behandelt ginn, gi vun der Bevëlkerung a vun der Politik als méi wichteg empfonnt. Dobäi ass awer zentral, wéi bericht gëtt. 

-Femizider mussen als solch benannt ginn. Wien hei vun enger Dot aus Leidenschaft oder engem Bezéiungsdrama schreift oder schwätzt, verharmloost d’Dot. 

-An d’Detailer vum Mord goen ass voyeuristesch a gëtt der Würd vum Affer net gerecht. Méi sënnvoll wier et de Kontext vu Femizider ze erklären: déi strukturell Gewalt géint Fraen a Misogynie. 

-D’Press sollt vermeiden d’Perspektiv vum Täter an de Fokus ze stellen (hien war jalous, hien war verletzt) fir Femizider net ze verharmlosen. Besser ass et d’Perspektiv vum Affer, vun den Iwwerliewenden a vum Ëmfeld siichtbar ze maachen an d’Spiral vun der Gewalt ze erklären.  

-Ausserdeem sollt och ëmmer dorop higewise ginn, wou een Hëllef kritt – als Affer vu Gewalt wéi och als Täter. 

 

Dir sidd vu Gewalt betraff? Op www.violence.lu fann Dir Hëllefservicer aus dem ganze Land.

 

Quellen:  

Communiqué zur Etüd: https://uni-tuebingen.de/universitaet/aktuelles-und-publikationen/pressemitteilungen/newsfullview-pressemitteilungen/article/studie-femizide-in-deutschland-vorgestellt/ 

Integral Etüd: https://publikationen.uni-tuebingen.de/xmlui/handle/10900/172346 

Sujet Berichterstattung iwwer Gewalt: https://www.bpb.de/shop/zeitschriften/apuz/femizid-2023/519673/gewalt-gegen-frauen-in-den-nachrichten/ 

 

 

Share this

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag