Fräie Mikro “Prisonge si fir Männer gemaach”

[De and Fr]

(13. Juli 2020) Zu Lëtzebuerg gëtt et aktuell zwou Strofvollzuchsanstalten: den zouene Prisong Schrasseg mat bal 600 Better an den hallefoppene Prisong Givenech mat eppes iwwer 100 Better. Datt de Strofvollzuch net geschlechtsneutral ass, domat beschäftegt d’Isabelle Schmoetten sech an hirem Fräie Mikro.

Lauschteren

Wärend dem Confinement gouf ech vun der asbl “eran, eraus .. an elo” kontaktéiert, déi meng Opmierksamkeet op e Rapport vun 2017 gelenkt huet, an dem et ëm d’Situatioun vun de Fraen am Prisong zu Lëtzebuerg geet.

E bësse genéiert hunn ech festgestallt, dass ech nach ni weider iwwer dëse Sujet nogeduecht hunn. Dobäi fannen ech et wichteg och zoue Systemer wéi Prisongen als Deel vun eiser Gesellschaft wouer ze huelen an de Bléck hanner d’Maueren ze woen.

Iwwer Strofdoten, Geriichtsverhandlungen an Urteeler gi mir reegelméisseg an der Zeitung oder am Radio informéiert. Awer wat geschitt duerno?

Den Nelson Mandela war 27 Joer laang am Prisong. A senger Autobiographie reflektéiert hien: “Kee kennt eng Natioun wierklech, soulaang en net an hire Prisonge war. Eng Natioun sollt net duerno beuerteelt ginn, wéi se hir héchste Biergerinnen a Bierger behandelt, mee hir niddregst.”

A wéi behandelt Lëtzebuerg seng Gefaangen?

Ech hu mir soe gelooss, datt aktuell ëm déi 30 Fraen zu Lëtzebuerg am Prisong sinn. Dat wiere fënnef Prozent vun de Gefaangenen. Een Deel ass just kuerz do, zum Beispill wéinst Drogendelikter oder Déifstall. Den aneren Deel ass laang do, wéinst Kapitalverbrieche wéi Mord. Dotëscht gëtt et scheinbar net vill.

Seet eis dat eppes iwwert déi ënnerschiddlech Sozialisatioun vun de Geschlechter oder iwwert den ongläichen Ëmgang mat Verbriechen, jenodem ob eng Fra oder e Mann se begaangen huet?

De Rapport vun 2017 mat 38 konkrete Recommandatiounen vun der Mediateure mécht däitlech, datt d’Ongläichbehandlung vun de Geschlechter net bei de Strofdoten a Verurteelungen ophält. Do liest een zum Beispill datt d’Aarbecht vun de Fraen zu Schrasseg sech ganz stereotyp op Strecke beschränkt.

“Prisonge si fir Männer gemaach”

Déi sportlech Infrastrukture fir d’Fraen zu Schrasseg si wuel däitlech méi kleng a manner gutt equipéiert wéi déi vun de Männer. Doriwwer eraus wier déi psychologesch Betreiung vun de Männer vill méi elaboréiert wéi déi vun de Fraen. Déi meescht Ongläichheete gi mat der mangelhafter Infrastruktur erkläert. Prisonge si fir Männer gemaach, krut ech vun enger Persoun gesot.

Zënter 2017 huet sech vläicht schonn eppes verännert. Vill Hoffnung läit op der Abetribnam vum Untersuchungsprisong Uerschterhaff am Joer 2022, wouduerch virun allem zu Schrasseg méi Plaz geschaf soll ginn. Awer baséieren déi bestoend Mëssstänn wierklech just op der Infrastruktur?

Ass et ze spéit déi Verantwortlech drun ze erënneren, datt d’Genderthematik net nëmme bei der Gestaltung vun den Infrastrukturen mee och bei der Organisatioun vum Strofvollzuch grad wéi bei der Resozialiséierung eng wichteg Roll spillt? Gëtt et en Antidiskriminéierungs- an Gender Gläichstellungskonzept fir d’Prisongen, an dem och u geschlechtlech a sexuell Minoritéite geduecht gëtt?

Wat erwaart sech d’Gesellschaft vu Prisongen?

Um Enn an um Ufank stellt sech d’Fro, wat mir als Gesellschaft vun de Prisongen erwaarden. Solle se Strofdote mat Fräiheetsentzuch bestrofen? Solle se d’Gesellschaft viru geféierleche Persoune schützen? Solle se besser Mënschen aus Verbriecher*inne maachen?

Ech fir mäin Deel géif mir wënschen, datt am Strofvollzuch d’Resozialiséierung – wou nëmme méiglech – am Virdergrond steet. Eng Resozialiséierung am Respekt vun de Mënscherechter, zu deenen och d’Gläichstellung vun de Geschlechter gehéiert.

Op dës Aufgab eleng vun der Prisongsverwaltung gestemmt ka ginn, woen ech ze bezweifelen.

Share this

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag