[De]
Wat hunn d’Epstein Affär, de Fall Pélicot, den Ulmen Skandal an déi sougenannte Schlof-Pornoe gemeinsam?
Et geet an alle Fäll ëm sexuell Ausbeutung, Mëssbrauch a grav Verletzunge vu Konsens — dacks an engem Kontext, wou Muecht, Afloss a misogyn Strukturen dat erméiglecht oder verstoppt hunn. Mat dëse Sujete befaasst d’Isabelle Schmoetten vum CID Fraen an Gender sech an hirem neie Fräie Mikro.
D’Affär ronderëm den Jeffrey Epstein an den USA huet e System gewisen, wou Meedercher a Fraen systematesch ausgenotzt, zum Deel vergewaltegt, gefoltert an ëmbruecht goufen, mat Hëllef vu Räichtum a Kontakter.
Am Fall Pélicot a Frankräich gouf eng Fra vun hirem Mann jorelaang betäubt a vun him a 70 anere Männer méi wéi 200 mol vergewaltegt an dobäi gefilmt.
An Däitschland schloen d’Virwërf vun der Collien Fernandes géint hiren Ex-Mann héich Wellen: de Christian Ulmen hätt Deep Fake Pornoe vun hir erstallt an dës u Männer aus hirem professionellen Ëmfeld weider geleet an sech dobäi als seng Ex-Fra ausginn.
E rezente Reportage vum CNN huet en Telegram Chat Grupp mat iwwer 1000 Memberen opgedeckt, an dem Männer sech Tipps ginn, wéi se hir Fraen betäuben an da filmen, wéi si se vergewaltegen, fir dës Videoen dann als sougenannt Schlof Pornoen ze deelen an zum Deel och Geld domat ze maachen.
Sech iwwerleeë fille wëllen, iwwer aner Mënschen a Kierpere bestëmme wëllen, sadistesch Muechtfantasien ausliewen – dat schéngt zu duerchaus verbreete mënschlechen Ofgrënn ze gehéieren.
Wisou sinn et statistesch gesi besonnesch Männer, déi sech deenen Ofgrënn alldeeglech hi ginn?
Hu si einfach méi Geleeënheet dozou wéi Fraen? Huet et mat enger männlecher Sozialisatioun, struktureller Misogynie an Genderstereotypen ze dinn, déi Männer, déi esou Dote beginn oder dobäi nokucken, sech dëst Handelen erlaben an a ville Fäll ni bereet sinn hiert Feelverhalen unzeerkennen an dofir Verantwortung ze iwwerhuelen?
A virun allem: wat hëlleft dogéint?
Wat sécher net hëlleft ass, sech traditionell Rollebiller zeréck ze wënschen, sexuell Bildung ze verbidden an d‘LGBTIQ Community oder Migrant*innen, Muslim*innen oder Flüchtlingen als Sënnebock ze benotzen. Och, wa verschiddene Leit, déi op social media Kommentaren ënnert de Berichter zu de beschriwwenen Strofdote verfaassen, dës Mesüre géife praktesch fannen, wäerten se net zu manner Haass, Gewalt a Kriminalitéit féieren. Se bewierke grad de Contraire a sinn oft e gezielten Ugrëff op eis demokratesch Strukturen an Institutiounen.
Wat evt. kéint hëllefen, wier e Gesellschaftssystem, den opbaut op Wäerter wéi Gläichheet, sozial Gerechtegkeet a Solidaritéit.
E Bildungssystem, an dem Verstoen a Respektéiere vu Konsens grad esou zentral si wéi d‘Dekonstruktioun vun Genderstereotypen an d’Ophiewe vu sexisteschen a rassisteschen Astellungen a Virurteeler.
An eng Gesellschaft, déi versteet an unerkennt, dass Gläichstellungssujeten a Feminismus keng politesch Spillerei oder Niewesaach sinn, mee zentral fir eng oppen, fräi a friddlech Gesellschaft.
[De] Feed Your Mind: Gender Research Made In Luxembourg As part of this event, three researchers will present their work, followed by ample time... Weiter Lesen
CID | Fraen an Gender is a place for everyone interested in feminism, gender issues, equality between all genders and speaking out against gender stereotypes.
Other websites
BUSINESS HOURS
Tuesday, Wednesday, Friday:
12 pm – 6 pm
Thursday:
12 pm – 7.30 pm
Saturday:
9 am – 2 pm
Possibility to make appointments for research outside of the opening hours.
The CID is closed in August and during the end of year holidays.
© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag