Fräie Mikro: Needle Spiking – Eng nei Form vu sexistescher Gewalt

[De]

Lauschtert de Bäitrag hei!

 

Nimools säi Gedrénks aus den Ae loossen op engem Festival, Concert oder an enger Bar – den Tipp kenne wuel déi meescht Meedercher a Fraen. Awer sech duerch laang Kleeder virun Attacke mat Sprëtze schützen an doheem de Kierper no Astéchplazen ofsichen – dat dierft deene meeschten nei sinn. Dës an aner Tipps liest een a Presseartikelen no de Meldungen vu „needle spiking“ op der Fête de la Musique Enn Juni a Frankräich. D’Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender befaasst sech mat dësem éischter neie Phänomen an hirem Fräie Mikro. 

 

Needle Spiking: eng nei Form vu sexistescher Gewalt 

Needle Spiking heescht dat heemlecht Picke mat Nolen oder Sprëtze mat oder ouni Injektioun vu Substanzen. Et fënnt statt wou vill Leit beienee sinn, wou gefeiert gëtt, wou et enk ass. Betraffener bekloen sech iwwert Onwuelsinn an Erënnerungsverloscht a leiden oft nach laang dono ënnert Angscht a Veronsécherung. 

Bis elo ass wéineg gewosst iwwert dëse relativ neie Phänomen. Déi éischt Berichter ginn op 2021 a Groussbritannien zeréck. Uschléissend goufen et Fäll a Frankräich, Däitschland, Spuenien, Holland an der Belge. 2021 hat de Gusty Grass eng question parlementaire zum Sujet gestallt. Deemools war nach kee Fall zu Lëtzebuerg bekannt. Zënter dësem Juni ass dat anescht. 

Affer vun esou Sprëtzenattacken si gréisstendeels Meedercher a Fraen tëscht 14 a Mëtt 20. Präsuméiert Täter si jonk Männer – eng Verurteelung gëtt et bis ewell keng. 

Wärend der Fête de la Musique a Frankräich hu ronn 150 Fraen uginn, si wiere gepickt ginn. Am Virfeld hate Männer an de sozialen Netzwierker zu dësen Attacken opgeruff. Et ass net gewosst a wéivill Fäll et tatsächlech zum Asatz vu Sprëtze oder Sprëtze vun enger Substanz koum, awer d’Zil vun den Drotzéier – Meedercher a Fraen a Panik ze versetzen – ass leider gegléckt. 

Wärend een an der Press liest, dass d’Motiver hannert deenen Ugrëff onkloer sinn, läit et op der Hand, dass Needle Spiking nieft Cat Calling oder dem Asaz vu K.O. Drëpsen eng Form vu sexistescher Gewalt am ëffentleche Raum duerstellt, déi virun allem Meedercher a jonk Frae betrëfft. Ob Zil am Eenzelfall ass eng Fra ze drogéiere fir se ze vergewaltegen oder „just“ fir se anzeschüchteren an hir Angscht ze maachen – et geet ëmmer drëm Muecht auszeüben an eng Iwwerleeënheet vu Männer vis-à-vis vu Fraen ze demonstréieren.   

Weider liest een an der Press – och dat ass typesch bei sexistescher Gewalt am ëffentleche Raum – wéi Meedercher a Fraen sech schütze kënnen: d’Gedrénks net aus den Ae loossen, laang Kleeder undoen, well d’Picken a virun allem d’Injektioun vun enger Substanz esou méi schwiereg gëtt, ni eleng feiere goen, net eleng am Däischteren ënnerwee sinn, net alkoholiséiert oder drogéiert si fir d’Kontroll iwwer d’Situatioun net ze verléieren asw. asf. Dës Tipps si sécher gutt gemengt, loossen d’Verantwortung awer erëm bei de Betraffenen amplaz do, wou se eigentlech hi gehéiert, nämlech bei den Täter.
Wat e leider net liest ass: eng kloer Verurteelung vun de Männer, déi Frae gezielt sexuell belästegen duerch Catcalling, déi Frae begrapschen, déi Frae K.O Drëpsen an d’Gedrenks maachen fir se ze vergewaltegen, déi Frae picke fir se ze vergewaltegen oder och einfach fir hinnen Angscht ze maachen an se ze terroriséieren – an dobäi ass et dann och egal ob d’Fraen mat enger Sprëtz oder just mat engem Zahnstocher gepickt ginn. 

Nei Gewaltformen wéi Needle Spiking loosse Justiz a Politik sprooch- an hëlleflos zeréck. An der Konsequenz maachen d’Täter weider a fanne vill nei Unhänger, parallel siche Fraen no ëmmer neie Strategië fir sech bescht méiglech géint sexistesch Gewalt ze schützen oder si zéien sech bewosst aus dem ëffentleche Raum zeréck. 

Feminist*innen kämpfe schonn zënter Joerzéngten fir Gläichberechtegung am ëffentleche Raum. Sech fräi beweege kënnen ouni belästegt ze ginn, feieren ze goen ouni Gewalt ze erliewen, spadséieren oder lafen ze goen ouni Angscht virun Attacken ze hunn. Dat misst dach selbstverständlech sinn, oder?  

E gudden Ufank wier sexistesch Gewalt als solch ze benennen an d’Verantwortung dofir bei den Täter ze loossen. Och dat misst selbstverständlech sinn. 

 

Share this

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag