[De]
Virun enger Woch huet d’ASBL Ask for Angela an der Stad eng Marche organiséiert fir gewaltfräi Stroossen a fir en ëffentleche Raum an dem och Fraen sech sécher fille kënnen. Op social media konnt een duerno eng sëlleg Commentairen zur Aktioun liesen. Nieft Solidaritéit a Versteesdemech gouf och ëmmer erëm ënnerstrach, dass d’Ursaach fir dës Onsécherheet am ëffentleche Raum eigentlech kloer wier, och wann se ni géif benannt ginn. D’Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender befaasst sech an hirem Fräie Mikro mat dësem vermeintleche Grond.
Den Trump an den Orbán hunn et virgemaach, d’Meloni an de Merz maachen et hinnen no, an och vereenzelt honorabel Lëtzebuerger Deputéiert, sprange mat op den Zuch: mir mussen eis Frae schützen virun den Auslänner, heescht et, besonnesch virun deenen aus Drëttstaaten a viru Muslimen. D’Léisung schéngt op der Hand ze leien: keng méi era loossen. Se all zeréck schécken. Oder awer op mannst déi, déi stroffälleg gi sinn.
De Syrier, den eng Fra vergewaltegt huet, soll zeréck a Syrien. A wat, sot mir, mécht en dann do? Meng der déi syresch Fraen hätten et net scho schwéier genuch?
Jo ok, e Problem manner zu Lëtzebuerg, sot dir, mee wat maache mer mat all de Lëtzebuerger, déi eng Fra vergewaltegt hunn? Wou schécke mer déi hin?
Jo, et ass e Problem, wa Männer aus Länner, an deene Fraen net emol rechtlech gläichgestallt sinn zu Lëtzebuerg Frae belästegen a mengen dat wier ok oder si kéimen domat duerch.
Mee 1. fënnt déi allermeescht Gewalt duerch Bekannter statt a net duerch friem Flüchtlingen. An dat ass e Fakt a keng Meenung.
An 2. ass genderbaséiert Gewalt, also Gewalt géint Fraen a geschlechtlech Minoritéiten e globale Problem, de net u Grenzen Halt mécht. Si gëtt net vun iergendwellechen Auslänner matbruecht, si ass iwwerall.
De politesche Fokus am Kader vu Fraerechter op Auslänner ze leeën ass dofir just bëllege Populismus am beschte Fall an oppene Rassismus an/oder Islamfeindlechkeet am schlëmmste Fall – an dat hëlleft de Frae kee Meter.
Mam Fanger op e Friemen ze weisen, den eng Fra belästegt, geschloen oder vergewaltegt huet, ass trotzdeem richteg, mee et ass och verdammt einfach an ännert näischt un dem strukturelle Problem, de mer hei hunn.
Mam Fanger op den Aarbechtskolleeg, de Veräinskolleeg, de Parteikolleeg, oder de beschte Kolleeg ze weisen, dat ass alles anescht wéi einfach. Mee dat ass et, wat tatsächlech en Ënnerscheed géing maachen. Et gëtt héich Zäit dass mir all – a Männer ganz besonnesch – keng Toleranz méi weise bei all Form vun genderbaséierter Gewalt, och wann dat heescht, dass mer de Spaassverdierwer si beim Patt. Bei sexistesche Witzer ze protestéieren, eis Kolleegen bremsen an zur Ried stelle wann se respektlos iwwert hir Frënndinn schwätzen, am Club dotëscht ze goe wann e Knaschtert eng voll Fra wëll ausnotzen an och dobaussen op der Strooss net ewech kucke wa Mënsche belästegt ginn – dat wär couragéiert.
Loosst eis net verféiere loosse vun einfache, populistesche Léisungen, déi näischt un de strukturellen Ursaache vum Problem änneren.
Ech wënsche mer ugepasst Strofe fir all Forme vun genderbaséierter Gewalt, egal vu wou den Täter ass a wéi vill Geld en huet. Ech wënsche mer, dass den Affer gegleeft an se eescht geholl ginn. Ech wënsche mer, dass all Strofdot verfollegt gëtt.
A virun allem wënschen ech mer Preventioun a Form vu feministescher Bildung. An zwar net just fir d’nouveaux-arrivants, fir Verurteelter a Prisonéier, mee fir all Mënsch, den hei lieft a schafft. Wou mir léiere, wat Konsens heescht a wéi dat geet, wou mir léiere wéi e gewaltfräit Zesummeliewe funktionéiert a wou mir drun erënnert ginn, dass Fraen a geschlechtlech Minoritéite vollwäerteg Mënschen sinn.
Well genderbaséiert Gewalt a strukturelle Sexismus gi mir eréischt lass, wa mir all als Gesellschaft Verantwortung iwwerhuele fir eis selwer a fir eis Matmënschen.
[De and Fr] Keng Angscht zu Aneschtbuerg! zesummen mat der Tatta Tom D’Tatta Tom kënnt op Besuch an de CID | Fraen an Gender... Weiter Lesen
CID | Fraen an Gender is a place for everyone interested in feminism, gender issues, equality between all genders and speaking out against gender stereotypes.
Other websites
BUSINESS HOURS
Tuesday, Wednesday, Friday:
12 pm – 6 pm
Thursday:
12 pm – 7.30 pm
Saturday:
9 am – 2 pm
Possibility to make appointments for research outside of the opening hours.
The CID is closed in August and during the end of year holidays.
© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag