Invitée beim Kloertext um RTL: Sinn déi Jonk an d’Fraen d’Verléierer an der Pensiounsfro?

[De]

En Donneschdeg den 10. Abrëll 2025 war eise Pensiounssystem mam Schwéierpunkt op der Fro “Sinn déi Jonk an d’Fraen d’Verléierer an der Pensiounsfro?” Sujet am Kloertext um RTL.

Nodeem Enn Mäerz d’Politik d’Pensiounsdebatt am Kloertext gefouert huet, waren dës Woch d’Sozialpartner*innen a Vertrieder*innen aus der Gesellschaft invitéiert, dorënner d’Claire Schadeck vum CID.

“80 Prozent sinn dat Fraen a mir wëssen zu Lëtzebuerg, dass mer mat der Mindestpensioun ënnert der Aarmutsgrenz sinn. Dat heescht de facto, wann ech d’Mindestpensioun bezéien, da sinn ech aarm. Fir op déi LISER-Etüd zeréck ze kommen: d’Gender-Perspektiv spillt ganz kloer eng Roll dobäi, ob ech am Alter riskéieren aarm ze sinn oder net. Fir déi z’ignoréieren, spigelt einfach net d’Realitéit erëm.” -Claire Schadeck

 

Kuckt d’Kloertext Rentendebatt hei:

De Kloertext – Rentendebatt II

Share this

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag