Wéi feministesch sinn d’Lëtzebuerger Parteien?

[German]

Siwe Parteien beäntferten 30 Froen vum CID / Fraen an Gender am Virfeld vun de Parlamentswalen 2023

De CID huet 30 Froen ausgeschafft, déi no Mesüren fir eng méi gläichberechtegt, feministesch, sozial gerecht an inklusiv Gesellschaft froen an dës u néng Parteie verschéckt. Siwe vun deene néng Parteien hunn dës Froen beäntwert.

D’Äntferten op déi 30 Froen sollen de Wieler*innen, an all interesséierter Persoun, en Iwwerbléck doriwwer verschafen, wéi e Stellewäert Feminismus an Gendergerechtegkeet bei deene verschiddene Parteien hunn.

D’Froen bezéien sech op d’Beräicher Bildung, Aarbecht, Famill, Gesondheet, Aussepolitik, Kultur, souwéi Politik a Gesellschaft.

De CID huet sech Méi ginn d’Äntwerten vun de Parteien sou objektiv wéi méiglech ze analyséieren a sou kuerz an iwwersiichtlech wéi méiglech an enger Tabell duerzestellen. D’Tabell weist op e Bléck wou d’Parteien Iddien fir konkret Mesuren hunn a wou se iwwerdeems Acteuren an Actricen benennen fir dës Mesuren ëmzesetzen. D’Tabell weist och, wou d’Parteien net oder onkonkret op Froen geäntwert hunn. Se hiewt doriwwer eraus Äntwerten ervir, déi besonnesch iddieräich waren.

Am Viirfeld vun de Walen wäert de CID d’Äntferte vun de Parteie mat hire Walprogrammer fir d’Parlamentswalen 2023 vergläichen an d’Analys verdéiwen. Si wäerten och mat den zukünftege Walfuerderunge vum CID oofgeglach ginn.

Déi detailléiert Äntwerten am Originawuertlaut vun de Parteien kënn Dir niewent dem Graphique  eroflueden.

Mir soen de Parteie villmools Merci fir hir Zäit an hir Aarbecht, déi si an eis Froen investéiert hunn.

D’Äntwerte vun de Parteien:

LSAP

DP

deigreng

CSV

ADR

Piraten

deiLenk

Share this

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag