[Allemand]
De CID huet an engem Aarbechtsgrupp eng Definitioun vum Begrëff Gender op Lëtzebuergesch ausgeschafft:
[ˈd͡ʒɛndɐ] gëtt ausgeschwat: dschända
D‘Wuert Gender ass e Begrëff aus dem Engleschen. Am Englesche gëtt tëscht dem biologesche Geschlecht – sex – an dem soziale Geschlecht – gender – ënnerscheet.
Den Ausdrock Gender – soziaalt Geschlecht – beschreift déi gesellschaftlech Geschlechterrollen, déi festleeën, wat vu Mënschen erwaart gëtt, fir dass si als Fraen oder Männer wouergeholl ginn. Dës Erwaardunge si ganz ënnerschiddlech, ugefaange beim Numm, iwwer d’Ausgesinn (Kleedung, Maquillage, …) bis zu Kierperhaltung, Mimik, Gestik, Sprooch a Verhalen. An dësem Sënn gëtt och vun doing gender geschwat – also eng Praxis, duerch déi Geschlecht inzenéiert gëtt.
Dat soziaalt Geschlecht ass net ugebuer an existéiert net vu sech aus, et gëtt konstruéiert duerch gesellschaftlech Muechtverhältnisser, déi sech historesch entwéckelen. Well sech gesellschaftlech Verhältnisser änneren, kënne sech och Gendervirstellungen änneren. Un dësem Prozess sinn all Individuen aktiv bedeelegt: si passe sech u si un, gi kreativ domat ëm oder si revoltéiere sech dergéint. Dat hänkt och vun hire perséinleche Méiglechkeeten a Liewensëmstänn of.
Jee nodeems wéi en Gender hinnen zougeschriwwe gëtt, hunn déi Eenzel ënnerschiddlech Méiglechkeeten, fir un der Gesellschaft deelzehuelen: méi oder manner Suen, Afloss, Verantwortung oder Fräiheeten. Gender ass an deem Sënn vergläichbar mat anere Kategorië wéi Hautfaarf, soziale Milieu, Alter asw.
No Upcoming Events found!
Le CID
CID | Fraen an Gender est un lieu qui s’adresse à chaque personne qui s’intéresse au féminisme, aux questions de genre, à l’égalité entre les sexes et qui refuse les rôles stéréotypés attribués selon le sexe.
Autres sites web
HEURES D’OUVERTURE
Mardi, mercredi, jeudi, vendredi:
12 – 18h
Le CID est fermé en août et pendant les vacances de fin d’année
© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag