Fräie Mikro Antifeminismus an Anti-Gender-Hetz

[De]

12. Juli 2022

Antifeminismus an Anti-Gender-Hetz sinn net nëmmen an den USA, a Polen, Ungarn oder eise Nopeschlänner wäit verbreet, mee si längst och zu Lëtzebuerg ukomm. Wisou et sech dobäi net einfach ëm eng harmlos Meenung wéi eng aner handelt, erkläert d’Isabelle Schmoetten vum CID Fraen an Gender an hirem Fräie Mikro:

https://100komma7.lu/podcast/404126

 

Wann ech fir héich emotional Diskussiounen an de Facebook-Kommentare vum radio 100,7 wëll suergen, da muss ech e Fräie Mikro maachen iwwer gendersensibel Sprooch, Quoten oder sexuell Opklärung an de Grondschoulen. Dacks geet Gender am Titel schonn duer, fir Antifeminismus- an Antigenderkommentaren ze liesen.

Déi mol méi, mol manner gutt verstoppte Messagë gläiche sech ëmmer: Gender wier eng Ideologie, déi déi « natierlech » Zweegeschlechtlechkeet wéilt ophiewen. Feminismus, an alles wat mat LGBTIQ ze dinn huet, wier eng Gefor fir eis Fräiheet, eis Zivilisatioun, eis Kultur a virun allem eis Kanner. Gläichberechtegung wier längst erreecht, jo souguer ze wäit gedriwwen, sou datt elo Männer géifen diskriminéiert ginn.

Rassismus a Sexismus ginn Hand an Hand

Wat vill Leit net wëssen: D’Antigenderbeweegung kënnt virun allem aus dräi Ecker: der Männerrechtsbeweegung[1], aus fundamentalistesch-chrëschtleche Kreesser (besonnesch dem Vatikan) an aus der rietspopulistescher a rietsextremer Zeen.

D’Antigenderbeweegung bréngt et also fäerdeg, mat hiren Erzielungen Energien a Kräften aus zimmlech heterogeene Populatiounen ze bündelen.

Rassismus a Sexismus ginn an deenen Erzielungen Hand an Hand. D’Bedroung kënnt vum Friemem a vun Allem, wat net der homogener traditioneller a nationalstaatlecher Kärfamill a Mann-Fra-Kand-Logik entsprécht.

Zil vun der Anti-Gender-Hetz vu riets ass et falsch Informatiounen ze verbreeden, Angscht an Haass ze fërderen, a geziilt Feindbiller opzebaue fir déi eege politesch Agenda no vir ze bréngen.

Keng Meenung, mee eng Strofdot

Lo kéint e soen: Ass eben esou. Meenungsfräiheet gëllt och fir Rietser. Awer éischtens si Sexismus a Rassismus keng Meenung, mee eng Strofdot. An zweetens kann Antifeminismus an Anti-Gender-Hetz immens geféierlech sinn.

Extreem Beispiller dofir sinn Amokleef vu Männer, déi sech an der Incel-Beweegung veruerden. Incel ass eng englesch Ofkierzung a steet fir onfräiwëllegt Zölibat.

Incels sinn onglécklech, frustréiert an dacks gewaltbereet Single Männer, déi virun allem digital gutt vernetzt sinn an deenen hiren Haass sech an éischter Linn géint Fraen, awer och géint bei Fraen erfollegräiche Männer riicht.

Incels sinn Deel vun där sougenannter digitaler Manosphere, wou och Gruppe wéi MGTOW[2] oder Proud Boys[3] doheem sinn, wou vu roude Pëllen[4] an dem grousse Bevëlkerungsaustausch rieds ass[5].

Liewensgeféierlech Gruppéierungen

2014 sinn zu Santa Barbara an den USA sechs Leit vun engem Incel ëmbruecht ginn, 2011 zu Utoya a Norwege 77 Mënschen, 2020 zu Hanau an Däitschland zéng Persounen, 2021 zu Plymouth a Groussbritannien weider sechs Leit.

All Kéiers hunn d’Attentäter Feminismus als Grond fir hir Dot genannt, nieft rassisteschen, islamfeindlechen an antisemittesche Motiver.

Geféierlech sinn awer net nëmmen dës extrem Auswierkunge vun der Anti-Gender-Hetz. D’Argumentatioune vun de Maskulisten, chrëschtleche Fundamentalist:innen a Rietspopulist:inne fënnt och bis wäit an déi gesellschaftlech Mëtt eran Uschloss.

Fraerechter si fragil

Ee Beispill vu méigleche Konsequenze vun Antigenderdiscoursen, déi gesellschaftstauglech ginn, ass d’Verfassungsännerung an den USA, duerch déi op ee Coup eng ganz Rëtsch Staate Schwangerschaftsofbréch verbidden, bzw. quasi onméiglech maachen.

Och wann d’Empörung zu Lëtzebuerg engersäits grouss war, huet een:t an de Facebookkommentaren och vill Stëmme gelies, déi et schlëmm fannen, datt d’Rechter vun engem Embryo manner wäert si wéi déi vun enger schwangerer Persoun.

De Wonsch vu verschiddene Politiker:innen d’Recht op Ofdreiwung an eiser Verfassung ze verankere weist, datt vill Leit sech duerchaus bewosst si wéi fragil de Status Quo vun de Fraerechter an de Rechter vu Minoritéiten nach ëmmer ass, a wéi séier toxesch Discourse sech verbreeden a misogyn Tatsaache schafe kënnen.

Bei de Vertrieder:inne vum US-amerikanesche Supreme Court sinn der derbäi, déi als nächst och sexuell a geschlechtlech Villfalt erëm kriminaliséiere wëllen a souguer Verhiddungsmëttel erëm wéilten ofschafen. Déi aktuell weltwäit Entwécklunge sollten eis léieren, datt d’Ëmsetzung vun dëse rietse Weltusiichte leider keng Onméiglechkeet méi ass.

Wéi positionéiert Dir Iech?

Anti-Gender-Hetz ass och zu Lëtzebuerg an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm an dat ass net harmlos. Et ass un de Bierger:innen, déi sech fir eng fräi, demokratesch, solidaresch an inklusiv Gesellschaft asetze sech vehement géint Antifeminismus- an Antigenderdiscoursen ze positionéieren.

Um Enn nach meng Fro un déi Leit, deenen hire Bluttdrock klëmmt, soubal se Gender oder Feminismus héieren a prompt op d’Tastatur sprangen: Zu wéi engem Grupp gehéiert dir? Zu deenen déi Haass a Gewalt verbreeden? Zu deenen, déi sech vu Rietspopulist:innen a vum Vatikan manipuléiere loossen? Oder zu där Minoritéit, déi wierklech just einfach gär konstruktiv a respektvoll diskutéieren a streide wëllt?


[1] D’Männerrechtsbeweegung ass virun allem digital aktiv a besteet aus villen heterogenen Initiativen.

[2] MGTOW steet fir « Men Going Their Own Way » – e misogynt Netzwierk, déi eng Gesellschaft ouni Frae wëllen

[3] Proud Boys sinn eng gewaltbereet faschistesch Männerorganisatioun aus den USA

[4] Den Ausdrock vun de rouden a bloe Pëllen kënnt aus dem Film Matrix. Wien symbolesch déi rout Pëll geschléckt huet, gesäit d’Realitéit, wéi se « wierklech » ass.

[5] D’Erzielung vum grousse Bevëlkerungsaustausch ass eng rassistesch Verschwörungstheorie, bei där eng angeblech geheim Elitt (meeschtens Judden) déi wäiss Rass wëll ausläschen, ënnert anerem duerch LGBTIQ Rechter, Ofdreiwungsrechter, Feminismus, Migratioun etc.

Quellen:

Beck, Dorothee/Stiegler, Barbara (2017): Das Märchen von der Gender-Verschwörung. Friedrich Ebert Stiftung

Ginsburg, Thomas (2021): Die letzten Männer des Westens. Antifeministen, rechte Männerbünde und die Krieger des Patriarchats. Rowohlt Polaris Verlag.

Göthling-Zimpel Kristina (2021): « Schuld ist nur der Feminismus ». Antifeminismus und Antigenderismus in der gegenwärtigen Debatte. In Höpflinger/Jeffers/Pezzoli-Olgiati (Hg.): Handbuch Gender und Religion. 2. Auflage. Utb Verlag.

Schutzbach, Franziska (2017): Gender Raus. Zwölf Richtigstellungen zu Antifeminismus und Gender-Kritik

 

Partager cet article

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag